D’Videospillserie Borderlands ass méi wéi nëmme wëll Action ouni Kapp a Fouss… Dat ass Leit, déi schonn emol esou e Spill gespillt hunn, wuel bewosst.

Dacks stéisst de Gamer hei op verréckt Charakteren, witzeg an ënnerhalsam Missiounen an opwänneg Storyen. Majo mam neie Spill "New Tales from the Borderlands" ass een elo awer nees e schratt méi wait gaangen. Den David Winter huet sech d’Spill emol méi genee ugekuckt.

New Tales from the Borderlands - Reportage David Winter

Beim neisten Deel vun der Serie ass elo e richtegt Adventure-Spill erauskomm, bei deem d’Spillerinnen an d’Spiller 3 ënnerschiddleche Charakteren wärend  der Invasioun vun hirem Planéit begeleeden. An dës Charakteren stinn dës Kéier kloer am Fokus an net just déi «plomb» Action, déi d’Spiller an sech ausmaachen. Am Virdergrond sti kloer d’Personnagen, hier Entscheedung an natierlech d’Story, sou den James Lopez vom Entwicklerstudio Gearbox Software: „At its core the story is about three people who are trying to survive a planetary invasion and get rich. Which sounds maybe a little bit selfish but it’s largely really kind of focus on them coming together and trying to overcome big odds.“ (“Am Kär geet et ëm 3 Persounen, déi versichen, d’Invasioun vun hirem Planéit z’iwwerliewen a gläichzäiteg räich ze ginn. Fir hir Ziler z’erreechen a géint e mächtege Waffekonzern eng Chance ze hunn, mussen se zesummeschaffen, fir dat Onméiglecht ze paken.")

Verréckte Charakteren a ganz vill Witz sinn jo d’Spezialitéiten vum Borderlands-Universum. Och déi 3 Personnagen am neiste Spill vun der Serie si wuel nees alles aanescht wéi normal: „Anu is a scientist working for a gun manufacturer named Atlas. She, instead of making guns though, is trying to research technology that helps people rather than hurt them. Octavio is her kid brother, but is sort of our loveable street rat slash lightweight hustler who has dreams to make it big and to get rich. He works with Fran, who is the owner of the froghurt shop and Fran is our sort of savvy, tough business-woman, who understands what it takes to survive on Promethea.“

(“D’Anu ass eng Wëssenschaftlerin. Hat schafft zwar fir e Waffekonzern, entwéckelt awer léiwer Saachen, déi d’Liewe vun de Leit méi flott maachen. Den Octavio ass hire Brudder. Hien ass e sympathesche Gauner, deen sech duerch d’Liewe wurschtelt. Hie schafft fir d’Fran, den 3. Personnage. D’Fran ass d’Proprietärin vun engem Frozen-Joghurt-Geschäft an ass eng knallhaart Geschäftsfra, déi weess, wéi een iwwerlieft.")

A gewinnter Borderlands-Grafik, erliewt een eng Story, bei där een mol dacks grinse muss, ma et och definitiv a sech huet: „There is a lot of sort of choice permutations which means that you can have a lot of small differences between the way that you and someone else plays. There are ultimately only a finite number of endings that everything kind of converges upon. But those things, again, are influenced by the way that you interact with each other, with the antagonist, and ultimately with some of the other characters and Promethea.“

(“Am Laf vum Spill gëtt et eng Abberzuel un Entscheedungen, déi sech dann dono op eenzel Situatiounen auswierken, awer och deels dat ganzt Spill beaflosse kënnen. Wéi sech d’Charakteren ënnerteneen behandelen, wéi se mat Géigner a Rätsel ëmginn… all dat féiert zu engem vu ville méigleche Schlussen.")

"New Tales from The Borderlands" ass den 21. Oktober fir PC, Playstation, Xbox an Nintendo Switch erauskomm.

A genee fir dës Konsol, also d’Nintendo Switch, verspille mer d’Spill eemol. Mat e bësse Gléck gehéiert d’Spill geschwënn Iech.