Dobäi goufe Schong, Mutzen, Kapen, Pulloveren, Jacketten, T-Shirten, Rucksäck a Boxen am Pokémon-Design erausbruecht. Präislech läit een tëscht 30 an 130€.

Am Oktober hat Puma ugekënnegt, datt ee mat der Pokémon Company géif zesummeschaffen, fir eng Schong-Kollektioun op de Marché ze bréngen. Dobäi géif ee probéieren, eege Schong fir all Kanto-Starter-Pokémon, spréch fir de Glumanda, de Schiggy an de Bisasam, souwéi fir de Pikachu ze kreéieren. Allerdéngs huet ee sech net nëmmen op Schong beschränkt. Esou huet Puma Mëtt November eng ganz Kollektioun am Pokémon-Design erausbruecht, mat enge sëllege Kleedungsstécker, bei deene virun allem déi véier uewen ernimmte Pokémon am Mëttelpunkt stinn.

Eegenen Aussoen no wéilt ee mat der Kollektioun dofir suergen, datt d'Leit hiert Hobby an hier Passioun an der Ëffentlechkeet presentéiere kënnen an domadder hier Léift fir Pokémon stilistesch ënner Beweis stelle kënnen.

Allerdéngs sinn d'Kleedungsstécker rar geseet a bei Sammler extrem beléift, sou datt de Leit, déi Interessi un esou engem Kleedungsstéck aus der Pokémon-Kollektioun hunn, geroden ass, fir séier zouzeschloen. Dobäi kënnen d'Produiten aus der Kollektioun den Ament nëmmen online am Shop vu Puma kaaft ginn. D'Produite sinn allerdéngs souwuel fir Jugendlecher, ewéi och fir Erwuessener ze kréien.