D'Spill soll de 24. Januar 2023 fir d'Xbox One, de Pc, d'Playstation 4 an d'Nintendo Switch op de Marché kommen an 29,99 Euro kaschten.

Domadder ass dëst beléifte Spill, wat mat "Risen 2: Dark Waters" a mat "Risen 3: Titan Lords" zwou Fortsetzunge spendéiert krut, fir déi éischte Kéier op Sony- an Nintendo-Konsole spillbar. Schonn am August ware Rumeuren opkomm, datt ee sech bei THQ Nordic dorëms beméie géif, fir d'Spill nach eng Kéier erauszebréngen a Risen domadder fir e méi breede Public zougänglech ze maachen. De 17. November huet THQ Nordic du fir Gewëssheet gesuergt, andeems si en offiziellen Announcement-Trailer op YouTube gesat hunn:

" frameborder="0" allow="accelerometer; autoplay; encrypted-media; gyroscope; picture-in-picture" allowfullscreen>

Ob et sech beim Spill allerdéngs just em e Remake, spréch ëm eng verschéinert Neioplo vum Spill handelt oder op d'Spill mat Changementer dohierkënnt an domadder als Remastered verëffentlecht gëtt, ass iwwerdeems nach net gewosst. D'Fans vum Spill ginn allerdéngs dovunner aus, datt et just e Remake wäert sinn, wat och erkläre géif, datt d'Spill just fir déi manner performant Playstation 4 op de Marché kënnt.

Am Spill Risen spillt een e Mann, deen um Mier an Nout geréit, mat sengem Schëff ënnergeet an dunn op d'Insel Faranga ugeschwemmt gëtt. Op dëser Insel fënnt een da béis Monsteren, Ruinen, Ur-Awunner an och d'Inquisitioun, déi déi eemoleg Awunner ënnerdréckt an hinnen hiert Liewen opdrécke wëll. Als Spiller muss ee sech da fir ee Wee entscheeden: Entweder et kämpft een un der Säit vun der Inquisitioun oder et hëlleft een den Awunner fir nees onofhängeg ze ginn. Egal fir wéi eng Säit ee sech entscheet, et waarde méi wéi 60 Stonne Spillspaass a vill knackeg Rätselen op een.