Nodeems den 18. Mäerz an de 4. August jeeweils aacht nei Strecke verëffentlecht goufen, goufen de 7. Dezember weider aacht nei Strecken an d'Spill agebaut.

Esou kënnen d'Fans vum beléifte Fun-Racer genee een Dag no Kleeserchersdag am Fiels-Cup souwéi am Mound-Cup op aacht neie Strecken hiert Onwiesen dreiwen. Am Fiels-Cup kënnen d'Spiller an d'Spillerinnen deemno op de Strecke Gebirgspfad (Mario Kart 7), London-Tour (Mario Kart Tour), Buu-Huu-Tal (Mario Kart Super Circuit) a Blätterwald (Mario Kart Wii) Vollgas ginn, wougéint se am Mound-Cup op de Strecke Bergbescherung (Mario Kart Tour), Pflaster von Berlin (Mario Kart Tour), Peachs Schlossgarten (Mario Kart DS) a Regenbogen-Boulevard (Mario Kart 7) spille kënnen.

Bis Enn 2023 sollen a weideren Etappen nach 24 Strecken am sougenannte Streckepass vun Nintendo verëffentlecht ginn. Dëse Streckepass ass weiderhi fir 24,99€ am Nintendo E-Shop ze kréien. Leit, déi de Switch-Online-Erweiderungspass hunn, kënnen dës Pisten ouni ufalend Käschte fir näischt spillen.

Allerdéngs huet Nintendo de 7. Dezember och eng sëllege Spillmechaniken ugepasst. Esou kann een elo selwer decidéieren, mat wéi engen Items ee spille wëll. Deemno kann ee beispillsweis selwer fir sech entscheeden, ob ee géint seng Frënn just mat Banannen oder Panzere spille wëll. Weider kann een elo net méi eroffalen, wann een an der Loft vun engem Blëtz getraff gëtt, obschonns een dann ëmmer nach kléng gëtt. Weider kann een elo och méi dacks direkt hannertenee vun Items getraff ginn. De sougenannte "Cooldown" nodeems ee getraff gouf, gouf also reduzéiert.