Op Hogwarts Legacy, Forspoken, Zelda oder Resident Evil... Dëst Joer dierft wuel fir jiddwereen op d'mannst eppes dobäi sinn, dat am Akafswon kéint landen.

2022 goufen d’Gaming-Fans nawell gutt verwinnt, dat mat Blockbuster-Spiller wéi "Elden Ring", "God of War: Ragnarök" oder och nach d’Indiespill "Stray", fir elo nëmmen dës Spiller erauszepicken. Ma och dëst Joer wäert nees e spannend Joer fir d’Fans vu Videospiller ginn, dat ass op alle Fall mol de Stand den Moment.

Op der enger Säit dierften et 2023 eng Partie Suitte vu schon existéierende Spiller ginn, ma et wäerten awer och vill nei Spiller op de Marché kommen.

Chronologesch fänke mer dann mat Forspoken un, dat kënnt nämlech schonn de 24. Januar eraus, dat gepublished vu Square Enix, déi jo ënnert anerem fir hir Final Fantasy-Spiller bekannt sinn. Et dréit sech hei ëm en Open World-Action-Rollespill a kënnt fir d'Playstation 5 an de PC eraus. Hei geet et ëm d’Frey Holland, eng jonk Fra, dat vun New York aus an enger Fantasie-Welt mam Numm "Athia" lant. Et geet am Spill ënnert anerem drëms sech an der Welt an där ee sech befënnt, op verschiddenst Manéiere weiderzebeweegen. op dësen Titel dierf een op alle Fall gespaant sinn.

Forspoken

Hogwarts Legacy wäert dann den 10. Februar bei Avalanche Software erauskommen. D'Opreegung fir dëst Spill ass grouss, dat well et wuel definitiv dat opwännegst Spill aus der Harry Potter-Welt dierft sinn. Den Hype bei de Fans ass op alle Fall grouss. Souguer Leit, déi absolut näischt mat Harry Potter um Hutt hunn, dierften trotzdeem un dësem Spill interesséiert sinn.  D'Spill dréit sech hei méi ëm d’Welt zu Hogwarts am 19. Joerhonnert, an net sou wierklech ëm de Personnage Harry Potter oder ëm aner Charakteren aus de Bicher. Dat Ganzt spillt an engem Open World-Universum.

Hogwarts

D'Fans vu Resident Evil dierfe sech dann och 2023 freeën, well hei kënnt elo de 4. Deel als Remake eraus. Ënnert anerem wäert et hei natierlech besser Grafik ginn an awer och nei Elementer wat d’Funktioune betreffen. Release ass de 24. Mäerz.

Resident Evil 4 Remake

Da bleiwe mer bei Zombien. D’Fans wäerten nämlech no enger gefillter Éiwegkeet endlech dëst Joer mat engem 2. Deel vun Dead Island belount ginn.  D’Spill wäert net wéi am 1. Deel eng Open-World-Map kréien, ma et dierft wuel e spezielle Level-System ginn. Den 28. Abrëll kënnt d’Spill an der Verkaf, mir si gespaant.

Dead Island 2

D’Fans waarden da fir dat nächst Spill schonn iwwer 5 Joer op en Nofollger. Rieds geet vun "The Legend of Zelda: Tears of the Kingdom", also den Nofolger vum Nintendo sengem "Breath of the Wild", de leschte Zelda-Deel, dee jo 2017 alleguerten d’Rekorder gebrach huet fir déi japanesch Firma. Et brauch een an sech net méi vill zu der Zelda-Serie ze soen, ausser dass och dësen Deel wuel dierft mat Präisser a Verkafszuelen iwwerschott ginn. Den 12. Mee ass et endlech sou wäit, an d’Fans kënnen an sech dann do ophalen, wou se bei Breath of the Wild opgehalen hunn.

Zelda

Weider Highlights fir dëst Joer dierfte Starfield, Diablo 4, zwee nei Herr der Ringe Spiller, Baldur’s Gate 3, den neien Assassin's Creed Mirage, dat neit FromSoftware-Spill Armored Core 5 oder nach den 2. Deel vum Indie-Spill Hollow Knight "Silksong" sinn.