
© PATRICK T. FALLON AFP
Obwuel déi 2. Versioun vum Sony-VR-Set mat enger gudder Partie u qualitative Spiller dohier kënnt, huet Sony Medien no d'Produktioun elo erofgefuer.
Sony huet sech, wéi et schéngt, verschätzt, wat d'Nofro vun der neier Playstation VR2 betrëfft. Dëst ass jo den neie Virtual Reality-Casque vun der japanescher Firma.
Engem Bericht vu Bloomberg no wieren d'Produktiounsziler massiv erofgefuer ginn. Amplaz vun 2 Milliounen sollen elo mol an enger éischter Phas just 1 Millioun Apparater hiergestallt ginn.
Schonn am Hierscht 2022 gouf et Indicen, dass am Moment den Interessi fir d'VR2 net esou grouss ass, wéi ufanks ugeholl. Ufanks konnt een de Produit am Store vu Playstation nëmme mat Aluedung virbestellen, e puer Wochen drop war et dunn awer scho méiglech, den Headset och sou ze bestellen.
D'Playstation VR2 kënnt mat engem Präis vu ronn 600 Euro op de Marché. Dat ass däitlech méi wéi den 1. Headset, deen am Oktober 2016 erauskomm ass, deemools fir 400€. Schonn zwee Joer drop ass de Präis ëm 100 Euro nees erofgaangen.
Een Argument fir d'VR2 sinn awer dës Kéier d'Spiller, déi direkt vir de Release erhältlech wäerte sinn. Heizou gehéieren definitiv Spiller wéi Horizon Call of the Mountain oder Upgrades fir Gran Turismo 7, No Man's Sky an Resident Evil Village.