D’Joer ass nach relativ jonk, ma elo scho kréien d’Gamerinnen a Gamer en éischte groussen Titel vum Joer.
Rieds geet vu "Forspoken", dat Enn Januar fir PC an d’Playstation 5 erauskomm ass. D’Action-Rollespill erzielt eng spannend Geschicht voller Magie, Kämpf an Aventuren a gesäit grafesch emol fantastesch aus.
Maach bei eisem Gewënnspill mat a gewann mat e wéineg Chance d'Spill fir d'Playstation 5!
Haaptprotagonistin am neiste Spill vum Publisher "Square Enix" an dem Entwéckler "Luminous Productions" ass d’New Yorkerin Frey, dat an sech am Liewen sou munches gewinnt ass. Ma vun engem Moment op deen aneren, befënnt d’Frey sech an engem onbekannte Land mam Numm "Athia" a lancéiert sech domadder an eng eemoleg Aventure.
Am Verlaf vum Spill entdeckt eis Heldin en Armreef, dee komescherweis schwätze kann an sech fest ëm den Aarm vum Frey wéckelt. Vun deem Moment un, mierkt et, dass et magesch Fäegkeeten huet a sech extrem schnell mat Hëllef vu senger nei-geléierter Kraaft duerch d’Landschaft beweege kann. An dës nei Fäegkeete si wichteg, fir sech am Kampf géint déi sougenannten "Tantas" kënnen ze beweisen, enger Zort Hexen, déi d’Land dominéieren.
Forspoken erzielt am Format vun engem Action a Rollespill eng spannend Geschicht als modernt Märchen. Wärend dem Spill begleet een d’Protagonistin a säi gëllene Reef op d’Rees duerch Athia. Dobäi léiert een, ëmmer méi staark Zauberspréch ze wierken a sech mat Hëllef vu mageschem Parcour blëtzséier duerch säin Entourage ze beweegen. Mat der Zäit gëtt een ëmmer méi staark a gëtt domadder zu enger richteger Géignerin vun deene Wiesen, déi d’Land menacéieren.
D’Spill ass speziell fir d’Playstation 5 entwéckelt ginn an notzt déi voll Leeschtung vun der Konsol. Ma d’Spill ass awer och fir d’Besëtzer vun engem PC accessibel.