
© Ubisoft
Mam neie Joer, dat jo nach relativ jonk ass, kommen och ëmmer déi gutt Virsätz oder Projeten, déi een dann onbedéngt am Joer 2023 meeschtere wëll...
Klassiker sinn hei fir méi Sport ze maachen, besser Iessen, Ophale mat fëmmen oder berufflech wieder kommen. Ma wisou sech net emol en anert Zil setzen, wéi zum Beispill Gittar oder Bass spillen? Kléngt ustrengend, ma eng Online-Software weist awer, dass dat guer net sou schwéier muss sinn an souguer Spaass mécht.
Rocksmith+ heescht dës interaktiv Software mat där een, egal op jonk oder méi al, Guitar oder Bass léiere kann. An dat vu kengem anere wéi vum Videospill-Entwéckler "Ubisoft". Ma wat brauch een fir dass dat iwwerhaapt klappt? De Simon Magata vun Ubisoft erkläert.
"Jede echte Gitarre – egal ob akustisch oder elektrisch – und jeder Bass können genutzt werden. Der Anschluss erfolgt entweder über das sogenannte Real Tone Cable, also bei Gitarre und Bass mit Klinkenstecker und USB. Oder alternativ über die Rocksmith-App, die dann das Instrument automatisch erkennt. Und der Skill-Level ist eigentlich egal: Also, du kannst als Anfänger die ersten Griffe üben und Dich an Lieder herantasten oder auch als erfahrener Musiker Deine Skills verbessern und an bestimmten Aspekten Deines Spiels arbeiten."
Ufänger kënne fir d’éischt emol déi vill gutt Tutorials, also Übungen an éischt Schrëtt, notzen, mat deenen d’Basics vermëttelt ginn, also wéi ee richteg gräifft, Noutefollge spillen oder wéi een säin Tempo konstant hällt. Mat dësem Wëssen huet een dann Zougrëff zu am moment iwwer 5.000 Lidder: "Es gibt über 19 Genres wie zum Beispiel Rock, Pop, Electronic, Klassik oder Reggae. Und auch bei den Songs gibt es eine riesige Auswahl. Also, du hast da Evergreens wie ‚Boys don’t cry‘, ‚Ain’t no sunshine‘ oder ‚Sweet Dreams‘ bis hin zu Songs für erfahrene Musiker wie ‚Master of Puppets‘ von Metallica, ‚Poison‘ von Alice Cooper oder auch was völlig anderes: der ‚Ritt der Walküren‘ von Wagner."
D'Software erkennt de Progrès vun deem dee spillt a schléit dann eegestänneg passend Übungen an och Lidder vir, déi zum Skill-Level passen. An och wan nee Lidder spillt, lauschtert d’Software Rocksmith+ mat: "Wenn Du alle Noten triffst, wird der Anspruch schon während des Songs größer. Rocksmith+ merkt aber auch, wenn Du Probleme hast, beim Spiel. Und dadurch werden die Anforderungen heruntergeschraubt. Als besonderes Übungs-Highlight gibt es den Riff-Repeater: Damit kann man schwierige Stellen von Songs üben, ohne dass man sie jedes Mal neu starten muss."
Rocksmith+ funktionéiert als Abonnement, dat een all Mount erneiere kann. Aktuell ginn et wéi gesot iwwer 5.000 Lidder, ma dës Bibliothéik gëtt konstant wieder ausgebaut. Mat engem spezielle Kabel, kënnt dir dann och äert Instrument un de PC uschléissen.