
An dësem Pokémon-Spill kënnt mol eng Kéier et net op d'Joen oder d'Fänken vun de Pokémon-Kreaturen un, mä, wéi de Numm et scho suggeréiert, ëm d'Schlofen.
"Pokémon Company", déi d'Mark vun der Franchise jo geréiert, huet e Méindeg matgedeelt, dass Pokémon Sleep am Summer ze kréie wier an et sech ëm eng App dréit, déi Schlof-Iwwerwaachung mat engem Spill um Smartphone kombinéiert.
D'Aventure spillt sech op enger klenger Insel of, wou een de Schlof vu Pokémon erfuersche kann, esou d'Entwéckler vu Pokémon Company. Den Twist: Wat e Spiller méi schléift, wat säi Punkte-Score am Spill méi héich gëtt, an domadder d'Unzuel u Pokémon op der Insel och mat klëmmt.
Fans sollen dann och geschwënn d'Méiglechkeet kréien, eng Zort Pokémon-Wecker fir d'Spill ze hunn. Dëse ronnen Apparat mam Numm "Pokémon GO Plus+", deen et iwwregens schonn eng gewëssen Zäitche gëtt, kann dann beispillsweis um Nuetsdësch vum Spiller stoen a mat der Stëmm vum Pikachu dem Spiller Bescheed ginn, wann et Zäit gëtt, fir an d'Bett ze goen, respektiv fir moies Opzestoen.
Pokémon Company hu mam Handyspill "Pokémon Go" jo virun enger Partie Joren en internationale Succès gelant, dee bis haut unhält an direkt e reegelrechte Kult-Status erreecht huet. Spiller joen hei Pokémon, déi d'App um Smartphone mëttels enger Kaart uweist, déi sech mat der reeller Welt vum User iwwerdeckt. Deels koum et hei ëmmer nees zu Accidenter, wouduerch d'App och mol a Kritik geroden ass.