D'Fédération Luxembourgeoise d'Esport huet e Freideg 24. Februar siwe Präisser un déi beschte Lëtzebuerger Gamer oder Ekippen aus dem Joer 2022 verdeelt.
Dobäi gouf annoncéiert, datt dëst Evenement elo all Joers soll sinn. Et goufen e Freideg déi beschte Gamer, respektiv déi beschten Ekippen an de follgende Spiller geéiert:
- Rocket League
- Smash Bros. Ultimate
- Fifa 22
- Clash Royal
- Call of Duty Warzone
- League of Legends
Doriwwer eraus ass och nach e Präis un dee lëtzebuergesche Betrib gaangen, deen am leschte Joer den E-Sports-Beräich am Grand-Duché am Meeschten ënnerstëtzt huet.
D'Iwwersiicht iwwert d'Gewënner gesitt dir am Communiqué vun der FLES (Fédération Luxembourgeoise d'Esport). An de Klammere steet déi jeeweileg Ekipp, fir déi den E-Sportler un de Start geet.
Communiqué vun der FLES
- Best FIFA 22 Player: Louis “LouisLux8” Trierweiler (White Lion Esports)
- Best CLASH ROYAL Player: David “Magic” Gomes (Royal Family)
- Best ROCKET LEAGUE Team: Team Lëtzebuerg
- Best SMASH BROS. ULTIMATE Player: Nick „Kakpu“ Roeser (Team Lëtzebuerg)
- Best COD WARZONE Team: Sector 7
- Best LEAGUE OF LEGENDS Player: Tim “Tim Shady” Theis (Rift Sloths)
- Award for the company most involved in esports: Post Luxembourg (represented by Serge Eiffes and Guillaume Wilke)
Am meeschte gelies