Fir d'Fans war déi abrupt Annonce vun der éischten DLC wuel eng Iwwerraschung. No engem Livestream vum 1. Gebuertsdag vum Spill gouf d'DLC bekannt gemaach.

Virun engem Joer also huet From Software mat Elden Ring säi bis ewell wuel gréisste Worf gemaach, do dierft kee Zweiwel bestoen. Majo elo ee Joer nom Release vum Open-World-Rollespill leet From Software nees eng Schëpp no.

Um Site vum japaneschen Entwécklerstudio ass dann och den Numm bekannt ginn, nämlech "Shadow of the Erdtree". D'DLC wäert fir all d'Versioune vun Elden Ring op PC, PS5, PS4 an Xbox erauskommen.

Ma iwwert e Release-Datum vun der DLC ginn et säitens From Software awer nach keng Informatiounen. Et gëtt awer betount, dass weider Detailer an noer Zukunft wäerte suivéieren.

En éischten Artwork vum Spill verréit och nach net all ze vill. Drop z'erkenne sinn den zerstéierten "Erdtree", dee méi wäit ewech ass an eng Persoun op engem Spectralpäerd, eventuell d'Miquella um Torrent. Déi kleng duerchsiichteg Grafsteng kéinten op d'"Graves of the Gods" hindeiten, déi scho bei Dark Souls 3 opgedaucht sinn.