Nodeems am Mäerz, am August an am Dezember 2022 jeeweils 8 nei Strecken verëffentlecht goufen, ginn et den 9. Mäerz weider 8 nei Piste fir de Fun-Racer.

Esou kënnen d'Fans vum beléifte Fun-Racer en Donneschdeg den 9. Mäerz am Fruucht-Cup souwéi am Bumerang-Cup op aacht neie Strecken hiert Onwiesen dreiwen. Am Fruucht-Cup kënnen d'Spiller an d'Spillerinnen deemno op de Strecken Ausfahrt Amsterdam (Mario Kart Tour), Flussufer-Park (Mario Kart: Super Circuit), DK Skikane (Mario Kart Wii) a Yoshis Island Vollgas ginn. Dobäi ass Yoshis Island eng komplett nei Streck, déi et bis elo a kengem anere Mario-Kart-Deel gouf. D'Streck ass allerdéngs eng Referenz un dat fréiert SNES-Spill Super Mario World 2: Yoshi's Island.

Am Bumerang-Cup kënnen d'Fans vum Spill hir Famill a Frënn op de Strecke Bangkok-Abendrot (Mario Kart Tour), Überholspur Singapur (Mario Kart Tour), Waluigi-Arena (Mario Kart: Double Dash!!) a Marios Piste (Mario Kart DS) erausfuerderen.

Doriwwer eraus huet Nintendo ugekënnegt, datt mam Birdo och nach e weidere Charakter säi Wee an d'Spill fanne wäert. De Birdo, deen een normalerweis just am Rosaen ze gesi kritt, kann een awer och, genee esou wéi de Yoshi an de Shy-Guy, a 8 anere Faarwe spillen.

Bis Enn 2023 sollen a weideren Etappen nach 16 Strecke souwéi weider Charakteren am sougenannte Streckepass vun Nintendo verëffentlecht ginn. Dëse Streckepass ass weiderhi fir 24,99€ am Nintendo E-Shop ze kréien. Leit, déi de Switch-Online-Erweiderungspass hunn, kënnen dës Pisten ouni ufalend Käschte fir näischt spillen.