Radar ass eng Boîte zu Déifferdeng, méi genee am Creative Hub 1535, déi sech haaptsächlech op animéiert Filmer konzentréiert.

Wärend den Aarbechten un enger Serie mam Numm «Skel&Oree» koum d'Iddi fir e Spill. An dëser Serie geet et ëm 2 Pixelpersonnagen, déi viru Joren emol d’Staren an engem Retro-Videospill waren an hire Comeback plangen, sech awer an der Tëschenzäit an der reeller Welt ronderëm schloe mussen.

D’Transitioun vun der Serie an e Spill, louch dem Fred Neuen vu Radar natierlech op der Hand: "An dunn hunn ech mer gesot, ma wa mer déi Pixelpersonnage schonn hunn, kann een net e klengt Spill domadder maachen? An do hunn ech mech hannert "Unity" gesat an erausfonnt, dass et am Fong mëttlerweil vill méi einfach ass, fir e Spill ze maachen, wéi lo virun 10-15 Joer.  Et war nach ëmmer mäin Dram fir Videospiller ze maachen. A wéi ech bis gesinn hunn, dass et net méi sou komplizéiert ass, jo, do ass bei mir einfach Späicherliicht ugaangen an do ass eng ganz nei Dier opgaangen. An do hu mer ugefaange méi Recherchen ze maachen an ze kucken, wéi kann een hei zu Lëtzebuerg Saachen op d’Been setzen. Mä wéi gesot, op Basis vun engem Filmstudio, war et relativ einfach vun engem Departement an dat anert ze sprangen.

De Fred Neuen vu Radar 1

Bei Shadow Force 3000, respektiv dem neie Shadow Force Glitch World, handelt et sech ëm e sougenannten Endless-Runner, en 2D-Plattformer, deen also an sech keen Enn huet, ma wou ee muss probéieren, fir sou wäit et ze kommen, wéi et geet. Hei gouf och mat pre-programméierte Systemer geschafft, sou dass just nach d’ Dekoren an d’Personnage missten erstallt an integréiert ginn  Ma d’Basis vum Spill selwer existéiert scho bei der Software "Unity": "Wanns de no lénks drécks, gees de no lénks, wann s de op de Knäppchen drécks, da schéiss de, op deen anere Knäppchen da spréngs de. Dat sinn also Animatiounen, déi muss de kreéieren an eben och determinéieren. Mä fir dat Ganzt elo sou richteg 100% ze programméieren, dat hunn ech net gemaach, well s de dat och hautdesdaags net méi brauchs"

De Fred Neuen vu Radar 2

Mat dëse fäerdege Coden, war d’Spill a ronn 2 Woche dunn och scho fäerdeg. Gefeilt gëtt dann dono, dat a Form vum Teste vum Spill. An Zukunft wäert de Fred Neuen sech dann och just nach op den Design konzentréieren, d’Programmatioun wäert eng aner Persoun an d'Hand huelen, sou dass ee sech op säi Feld, op deem ee sech auskennt, konzentréieren an do ausliewe kann.

Ufanks war d’Spill och net dofir geduecht, fir en eegestännegt Spill ze sinn, ma d’Iddi war et éischter, fir e wéineg Reklamm ze maachen, sou de Fred Neuen: "Also dat heite Spill war à la Base virgesinn, fir eng Promotioun ze sinn fir déi Serie. Dat heescht, et ass e Youtube-Channel an do hu mer eben e Spill gemaach. Dee Youtube-Channel erzielt d’Geschicht vun deene Pixelpersonnagen, déi u sech aus engem fiktive Spill aus den 90er-Jore kommen an haut an eiser Welt liewen. An do hu mer dat Spill, dat supposéiert war, dëst Spill aus där Zäit ze sinn, dat hu mer elo programméiert."

De Fred Neuen vu Radar 3

Ze kréie gëtt et "Shadow Force Glitch World" op Google-Play an um App-Store, respektiv einfach online um offizielle Site vu Radar. Ma et schéngt een awer Blutt geleckt ze hunn, well ee schonn am Gaange wier, fir weider Spiller ze plangen, déi dann och eng méi grouss Envergure wäerten hunn a méi professionell wäerte kreéiert ginn. Geplangt ass schonn en 2D-Plattformer: "Mä dës Kéier mat enger ganzer, richteger Geschicht an och mat richtege Levelen. Bis elo war et jo en Endless-Runner, do ginn d’Levelen jo all Kéiers "randomly generated", also per Zoufall generéiert. Dat Spill wat mer awer elo maachen wäert éischter a Richtung vu 'Super Mario' goen, also all Level ultra detailléiert designed. An do soll eben och eng ganz Geschicht sinn."

De Fred Neuen vu Radar 4

Hei géif dann ufanks e Prototyp erauskommen an eventuell kéint d’Spill Enn dës Joers, respektiv ufanks 2024 erauskommen. Dat hänkt awer zu groussen Deeler dovunner of, ob a wéini een e Publisher fënnt, mat deem een d’Spill release kann.