Den Naturpark Uewersauer an och déi aner Partner betounen, dass et hei drëms gaangen ass, den Tourismus am Kontext vun der "Erënnerung" ze promouvéieren.

D’Iddi fir dës Brietspill koum am Kader vum Projet "Land of Memory", deen déi ganz Groussregioun mat abënnt. An hei geet et drëms den Tourismus am geschichtleche Kontext vun der "Erënnerung" ze promouvéieren. D’Stied déi hei beispillsweis am Mëttelpunkt stinn si Verdun fir den 1. Weltkrich a Bastogne fir den 2. Weltkrich, am awer och eng Abberzuel aner Plazen an der Regioun.  Partner vun dësem Projet hu sech awer dunn iergendwann geduecht, dass een dës Thematik och spezifesch fir de jonke Public misst an enger anerer Form méi no bréngen.
Mélanie Petton vum Naturpark Uewersauer a Coordinatrice vun dësem Projet: "Parce qu’on pense malheureusement le temps passe et les témoins de la première guerre mondiale ne sont plus parmi nous et ce de la deuxième guerre mondiale s’éteint au fur et à mesure. Donc il faut trouver d’autres moyens de parler de cette période historique au jeune public notamment, et on a essayé de réfléchir. Et donc on a eu une petite palette de différents outils qui ont été créé et notamment ce jeu de société, parce que le jeu de société effectivement un petit peu remis à la mode et on s’est dis que c’est certainement une bonne idée. Sortir des applications, de tout ce qui est numérique et d’avoir un beau objet qu’on peut prendre à main."

Mélanie Petton vum Naturpark Uewersauer a Coordinatrice vum Spill

Bei dësem Brietspill handelt et sech ëm e komplett neit Brietspill, dat och extra fir dëse Projet designed an entwéckelt gouf. Hei sollen Evenementer aus dem 1. An 2. Weltkrich, déi um Territoire vun der Groussregioun passéiert sinn, Deel vum Spill sinn. Virun allem d'Haaptsitten vun der Regioun sollen hei kontextuell an Zeen gesat ginn. Wichteg fir d’Partenairen vu "Land of Memory" war et, dass et schlussendlech och e partizipatiivt Gesellschaftsspill ass, sou d’Mélanie Petton wieder: "On ne voulait pas que ça soit un jeu de guerre où il y a des gentils et des méchants, des gagnants et des perdants… On voulait quand même quelque chose plus subtils et surtout mettre en avant que les décisions de chacun peuvent avoir des effets positives et négatives, mais que chacun a son rôle a jouer, enfaite dans une situation de conflit ou bien de tension."

Mélanie Petton vum Naturpark Uewersauer a Coordinatrice vum Spill

An et war och wichteg, dass et en optescht schéint Spill gëtt, dat eppes hier mécht an och déi verschidde Sitten aus der Groussregioun op eng gutt an edukativ Manéier presentéiert. Eng Belsch Boîte bei Bréissel mam Numm N-Zone krut du schlussendlech den Zouschlag, fir d’Spill op Mesure z’entwéckelen an erauszebréngen.  E Punkt dee och wichteg fir d’Partnerregioune vum Projet war, war et, dass et am pedagogesche Kontext, also a Schoule, kann agesat ginn: "C’est à dire que ça puisse aussi être utiliser pour des éducateurs, pour des professeurs. Donc ça aussi était important. Il y a eu un vrai travail sur l’aspect d’utilisation de ce jeu dans un context pédagogique, donc on a un carnet qui permet aux professeur de s’approprier le jeu pour travailler sur des point du programme."

Mélanie Petton vum Naturpark Uewersauer a Coordinatrice vum Spill

Am Moment géif een dann och mam Projeten Klassen a Professere sichen, déi d’Spill ze testen an am Cour mol anzesetzen. Professeren oder Educateuren déi hei interesséiert wiere, kënne sech ganz gäre beim Naturpark Uewersauer mellen, dëst wier am Moment d’Haaptobjektiv vun dësem Projet. D'Spiller selwer géif een dann och fir näischt zu Dispositioun gestallt kréien. Wat den Alter betrëfft ass "Before the War" a priori a Spill, dat ee vu 14 Joer un sollt spillen, dat virun allem wéinst der dann dach eeschter Thematik an der Aart a Weis, wéi een d’Spill spillt. Hei ass nämlech vill Taktik an souguer Elementer vun Deduktioun a Verhandlungsverméige gefrot an doduerch an éischter Stell natierlech Spaass mécht.

Et ass dann och wéi gesot eng Mëschung aus participativen a kompetitiven Elementer, well een zwar muss kucken, zesummen d’Tensioun tëscht de Länner niddreg ze halen, ma een awer als eenzelt Land wëll gutt do stoen fir d’Partie  ze wannen.