A Forumen huet e User ausgepaakt an annoncéiert, dass d'Action-Adventure-Sandbox-Spill vu Rockstar wuel Enn 2024 wäert erauskommen.

Rockstar Games hat an der Lescht, genee wéi vill aner Entwécklerstudioen, deels mat interne Problemer ze kämpfen. Op der enger Säit gëtt et eng allgemeng Onzefriddenheet vun de Mataarbechter wéinst der "Return-to-Office"-Politik, op der anerer Säit koum et an der Vergaangenheet zu Leaks vun internen Entwécklungsstänn vum Spill.

Zënter deem de leschten Deel, also GTA 5, si scho ronn 10 Joer vergaangen a gouf fir vill Konsolen a Plattformen ëmmer nees poléiert an nei opgeluecht.

Ma neiste Rumeuren no soll sech de Release vu GTA 6 wuel nach bis Enn 2024 zéien, also pénktlech fir dat beléifte Chrëschtdagsgeschäft. Dat schreift op alle Fall de Leaker "Tez2" a GTA-Forumen. Weider seet hien och, dass Rockstar Games sech wuel dëst Joer zum Spill wäert äusseren, hei koum säitens dem Entwéckler jo bis ewell wéineg bis quasi näischt. Dëst géif och passen, vu dass de Virgänger dëst Joer 10. Anniversaire feiert. Et gëtt mat enger konkreter Annonce gerechent. Historesch gesinn gehéiert d'GTA-Serie jo zu den deierste Spillproduktiounen iwwerhaapt, a gëtt och vu ville Fans mat vill Spannung erwaart.

Weider geet de Leaker "Tez2" dovunner aus, dass d'Management vu Rockstar sech keng weider Verspéidunge méi kéint leeschten an souguer noutfalls Deeler vum Spill an DLCen auslagert.