
© LGX Arena
D'LGX invitéiert d'Videospillfanatiker an de Forum Geesseknäppchen fir eng sougenannten Charity LAN.
Eng "LAN" ass dobäi e Fachausdrock aus der Gaming-Welt. Domadder ass gemengt, datt vill Gamer sech lokal op enger Plaz zesummefannen a géint- oder matenee Videospiller spillen. Dobäi bréngen d'Gamer hir eege Konsolen, hir eege Computeren, souwéi hir eege Videospiller mat an decidéieren domadder selwer wat gespillt gëtt. Gläichzäiteg ginn awer och vum Organisateur vun der LAN e puer Turnéieren a verschiddene Spiller organiséiert.
D'LGX wëll mat hirem Evenement den traditionelle Geescht vun enger LAN opgräifen a se duerch e puer Modifikatiounen awer méi modern a méi accessibel fir déi Leit maachen, déi Interessi um Evenement hunn. Esou gëtt d'LAN iwwert déi gesamt Dauer vu 24 Stonnen iwwer d'Videostreamplattform Twitch live gestreamt, soudatt déi beschte Momenter vun den Turnéiere gedeelt kënnen ginn an och Interviewen op der Plaz gefouert kënne ginn.
Am Schreiwes vun der LGX maachen d'Organisateuren och nach dorobber opmierksam, datt si d'Recette vum ganzen Evenement fir e gudden Zweck un eng karitativ Organisatioun spende wäerten. Si sinn dovun iwwerzeegt, datt d'Gamer an hirer Gesamtheet der Ëffentlechkeet weise kënnen, datt een zesumme Spaass mat Videospiller kann hunn an dobäi de gudden Zweck ënnerstëtze kann.
Zu wéi enge Spiller Turnéieren organiséiert wäerte ginn, ass nach net gewosst, mä et wäerte mat Sécherheet Konsolen a Computere bereet stoen op deenen ee Clash Royale, Rocket League, Brawlhalla, CS:GO, Smash Bros. a League of Legends spille kann.
Wien interesséiert ass un dëser Charity LAN matzemaachen, soll sech iwwert dëse Link fir d'Evenement umellen a sech en Ticket kafen. Allerdéngs sinn d'Plaze fir un der LAN kënnen deelzehuelen op 200 limitéiert!