LUSH bréngt zesumme mat Nintendo Beauty-Produiten zum Super-Mario-Film eraus

© LUSH / Nintendo / Universal City Studios
Ufank Abrëll kënnt de Super-Mario-Film an d'Kinoen a wäert vill Fans ulackelen. Nintendo zelebréiert dëst allerdéngs elo scho mat enger neier Kooperatioun.
Esou ass de 24. Mäerz eng Kooperatioun tëscht dem Seefen-Hiersteller LUSH an dem japanesche Videospillhiersteller Nintendo gestart. Am Ganze goufe siwe Produiten op de Marché bruecht, mat deenen d'Fans sech ganz wéi hir Liblingshelde fille kënnen.
Deen imposantste Produit ass dobäi de Fragezeechen-Block. Dësen ass eng typesch "Badebombe", spréch et schmäisst een de Block an d'Bidden an da fänkt dëse sech un am Waasser opzeléisen an d'Waasser ze fierwen. Allerdéngs verstoppt sech nach eppes an dësem Block. Esou kënnt, wa sech de Block ganz opgeléist huet, nach eng Seef zum Virschäin. Dës Seef ass natierlech och am Super-Mario-Design gehalen. Esou kënnen d'Fans nach un eng Seef a Form vun enger Feier- oder Äis-Blumm, engem Power- oder Level-Up-Champignon, engem Stär oder awer enger Mënz kommen. Wéi eng Seef et ass, decidéiert dobäi den Zoufall, ganz nom typeschen Zoufallsprinzip vum Fragezeechen-Block aus de Spiller.
Weider gëtt et an der Kollektioun nach eng grouss Seef a Form vun enger typescher Super-Mario-Mënz ze kafen, souwéi zwee klassesch Shampoingen am Luigi- souwéi am Mario-Style. Doriwwer eraus ginn et nach zwee "Shower-Jellies", spréch Shampoingen, déi a fester Form dohierkommen an déi ee méi dacks benotze kann. Dës Shampoinge sinn am Styl vum Kinnek Bowser an der Prinzessin Peach gehalen.
Zulescht gëtt et fir d'Dammen nach e Body-Spray ze kafen, mat deem een da wéi d'Prinzessin Peach riche kann. Dobäi ass de Geroch vum Spray eng Mëschung aus Piisch an Ananas.
D'Kollektioun wäert et awer nëmme fir eng limitéiert Zäit ginn, soudatt d'Fans vum Blechschléier sech séier derbäimaache mussen, wa si e Produit aus der Gamm kafe wëllen.