US-Geriicht blockéiert Microsoft-Iwwernam vun Activision-Blizzard virleefeg

© CELAL GUNES ANADOLU AGENCY Anadolu Agency via AFP
Microsoft hat am Januar zejoert ugekënnegt, dass een de Spille-Entwéckler Activision-Blizzard fir 69 Milliarden $ kafe wäert.
Allerdéngs hat déi amerikanesch Handelsopsiicht FTC am Dezember 2022 eng Plainte géint d'Iwwernam deposéiert. Dat well Microsoft doduerch ze vill Muecht iwwert de Videospill-Marché kréie géif.
En Dënschdeg den Owend ass dann en US-Geriicht zu der Conclusioun komm, dass d'Iwwernam vun Activision-Blizzard duerch Microsoft géif ausgesat ginn, bis iwwert d'Plainte vun der FTC decidéiert gi wier.
An der EU hat d'Europäesch Kommissioun der Iwwernam am Mee ënner bestëmmte Konditiounen zougestëmmt.
Microsoft wëll sech mat der Iwwernam ënner anerem d'Rechter vu beléifte Spillreien ewéi "Call of Duty" an "Overwatch" sécheren.