15 Lëtzebuerger sinn an der Futtballsimulatioun mat dobäi

Eng ganz Ekipp nëmme mat Roude Léiwen? Am Spill EA Sports FC 24 ass dëst méiglech. Dobäi ginn et esouvill Lëtzebuerger wéi nach ni an engem Videospill.
D'FLF-Selektioun mécht an der leschter Zäit duerch gutt Leeschtungen op sech opmierksam. Esou hunn d'Rout Léiwen gutt Méiglechkeeten, fir sech fir d'Europameeschterschaft 2024 an Däitschland ze qualifizéieren. Dës gutt Leeschtunge sinn och bei EA ukomm, déi an hirer neier Futtballsimulatioun nees eng Rëtsch Lëtzebuerger implementéiert hunn. Dobäi ass et fir déi drëtte Kéier hannertenee méiglech, fir sech am Spill eng komplett Lëtzebuerger Formatioun am Karriär-Modus souwéi op Ultimate Team zesummenzestellen.
Den Ament ginn et 15 Spiller am Spill, déi d'lëtzebuergesch Identitéit hunn. Allerdéngs spillt de Sébastien Thill net méi bei Hansa Rostock, soudatt een dovunner ausgoe kann, datt hie mat engem spéideren Update aus dem Spill geläscht wäert ginn. Weider kéint et awer och sinn, datt nach Spiller mat lëtzebuergeschem Pass iwwert en Update an d'Spill integréiert ginn. Esou spillt de Ryan Johansson, deen och fir déi Lëtzebuerger Nationalekipp spille kéint, an der drëtter Liga an Däitschland bei Freiburg II, eng Ekipp, déi och am Spill erëmzefannen ass.
An dëser Tabell gesitt Dir d'Lëtzebuerger, déi den Ament am Spill EA Sports FC 24 sinn:
- Leandro Barreiro Martins - FSV Mainz 05 - 76
- Dany Mota - AC Monza - 74
- Anthony Moris - Union Saint-Gilloise - 73
- Maxime Chanot - AC Ajaccio - 72
- Gerson Rodrigues - Sivasspor - 70
- Danel Sinani - St. Pauli - 69
- Marvin Martins - Austria Wien - 69
- Laurent Jans - Waldhof Mannheim - 67
- Mathias Olesen - 1.FC Köln - 66
- Sébastien Thill - FC Hansa Rostock - 66
- Yvandro Borges Sanches - M'gladbach - 64
- Seid Korac - Degerfors IF - 63
- Florian Bohnert - SC Bastia - 62
- Eldin Dzogovic - 1.FC Magdeburg - 60
- Tim Kips - Erzgebirge Aue - 59