Klammt bei "Outbreak" mat Hëllef vu VR an d'Welt vun den Zombien

© Zero Latency Luxembourg
Dës Virtual-Reality-Aventure kann een zënter dem 6. Oktober 2023 ganz nei an der Free-Room-Hal vu Zero Latency zu Miersch spillen.
Zero Latency ass jo de weltwäit gréissten Ubidder vun der sougenannter "immersiver" Ënnerhalung an leet elo mam Spill "Outbreak" no, dem fortschrëttlechster VR-Free-Room-Zombiespill dat et bis ewell gëtt.
Outbreak ass e Shooter, an deem een mat bis zu 8 Spiller gläichzäiteg enger ganzer Arméi vun Zombien géigeniwwer trëtt an ëm d'Iwwerliewe kämpft. Dës hyper-realistesch Zombien am Spill goufe mat Hëllef vun der "Motion Capture"-Technologie kreéiert.
Den Daniel Castro, CEO vu Zero Latency Lëtzebuerg:"Outbreak ass eist bis ewell epeschst Erliefnis a mir kënnen et kaum erwaarden, dass jiddwereen dëst Spill spillt, dat mat kengem anere Spill um Marché ze vergläichen ass."
D'Geschicht vun Outbreak féiert jiddwereen deen sech traut an eng hyperrealistesch Welt, an där een als Ekipp géint d'Zäit untriede muss, fir rechtzäiteg en Heelmëttel géint den Zombie-Virus ze fannen. Heibäi beweegt een sech iwwert VR an der Welt vun enger op déi aner Plaz a kämpft dobäi géint déi Ondoudeg. Gefrot sinn hei Prezisioun, Teamgeescht an natierlech eng Portioun Mutt.
Zero Latency huet iwwregens kierzlech de Meilesteen vun 3 Millioune Spiller weltwäit gefeiert. Wie Loscht kritt huet an sech dëse Spiller uschléisse wëll, dee kann dat zu Miersch an der Hal vu Zero Latency maachen. Weider Infoe ginn et op Instagram, TikTok, Facebook a LinkedIn an och um offizielle Site vu Zero Latency.