The-Legend-of-Zelda- a Super-Mario-World-Set ugekënnegt

© The LEGO Group / Nintendo
Nodeems Lego an de leschte Joren ëmmer méi Videospillfiguren a Serië Klemmbaustengvariante spendéiert huet, setzt Lego elo mat Zelda eng weider Serie ëm.
No Lego-Super-Mario a Lego-Animal-Crossing gëtt d'Zesummenaarbecht tëscht béiden Entreprisë mat Lego-The-Legend-of-Zelda weider ausgebaut. Scho vum éischte September 2024 u kënnen d'Fans vun de Klemmbausteng a vum gréngen Held Link an de Genoss vun dëser Zesummenaarbecht kommen. Op dësem Dag kënnt nämlech den éischte Set vun dëser Gamm op de Marché, den Deku-Bam.
Beim Deku-Bam handelt et sech ëm eng wichteg Plaz, déi an esou munche Zelda-Spiller opdaucht an déi dowéinst bei de Fans vu Zelda, Link a Co. ganz beléift ass. D'Set besteet am Ganzen aus 2.500 Stécker a wäert fir knapps 300 Euro am Eenzelhandel verkaaft ginn. D'Set ass awer op seng Aart a Weis eenzegaarteg. Et kann een nämlech mat de matgeliwwerte Stécker zwou Variante vum Deku-Bam bauen. Esou kënnen d'Fans entweder den Deku-Bam aus dem Spill "The Legend of Zelda: Ocarina of Time" nobauen oder de Bam aus dem Spill "The Legend of Zelda: Breath of the Wild". Matgeliwwert ginn iwwerdeems nach véier Figuren. Esou sinn am Set eng kleng Krog-Figur souwéi d'Figure vum Zelda, Link a Maronus enthalen.
Doriwwer eraus gouf nach e weidert Lego-Nintendo-Set ugekënnegt, wat zur Lego-Super-Mario-Kooperatioun gehéiert a wat op den Numm "Mario & Yoshi" lauschtert. Beim Set handelt et sech ëm eng Ëmsetzung vum Mario aus dem SNES-Spill "Super Mario World", deen op engem grénge Yoshi reit. Nieft engem léiwe Pixel-Look bitt d'Set och nach divers aner Funktiounen un. Esou kann ee mat Hëllef vun enger Kuerbel de Yoshi an awer och seng Zong beweegen. D'Set soll den 1. Oktober op de Marché kommen a besteet aus 1.215 Stécker, déi ee sech fir knapps 140 Euro kafe kann.
Wat sot Dir zu de Setten? Gefale se Iech a wäert Dir bei engem oder villäicht esouguer bei béiden zouschloen? Loosst eis et wéi ëmmer mat engem Commentaire wëssen.