Vill Fans vu Link, Kirby, Mario, Samus a Co. wäert et an deenen nächste Méint op Kyoto zéien. Dëst fir an d'Geschicht vun der Firma Nintendo anzedauchen.

E Méideng den Owend huet Nintendo e Video um Internet verëffentlecht, an deem déi japanesch Firma hire Fans de fonkelneie Musée gewisen huet. Dëse kënnt Dir Iech hei ukucken:

An dësem Video stellt Nintendo de geneeën Opbau vum Musée vir a geet och dorobber an, wat d'Visiteuren erwaart, wa si sech dozou entscheeden, de Musée ze besichen. Dobäi gëtt ëmmer nees kloergestallt, datt d'Exponaten enk mat der Geschicht vun Nintendo verbonne sinn.

Esou ass et och beispillsweis keen Zoufall, datt de Musée zu Kyoto seng Dieren opmécht. De Musée befënnt sech nämlech op deem Site, op deem Nintendo ganz am Ufank vun der Geschicht vun der Entreprise eng Fabrick gebaut hat, fir Hanafuda-Karten, spréch japanesch Spillkaarten, ze produzéieren.

D'Visiteure kënne sech iwwerdeems iwwert eng sëllegen Exponate freeën. Esou sinn am Musée sämtlech Spillkonsole vun Nintendo souwéi och divers Videospiller mat hiren originale Verpackungen aus de jeeweilege Länner ausgestallt. Domadder net genuch ginn awer och nach aner Produite vun Nintendo ausgestallt. Esou ginn et och Produiten ze gesinn, déi Nintendo virun de Videospiller produzéiert huet, wéi zum Beispiller Drucker, Poussetten, Instant-Nuddele souwéi klassesch an och mechanesch Spillsaachen.

Weider ginn et och nach Beräicher am Musée, an deenen d'Visiteure méi no un d'Geschicht vun der Entreprise erugefouert ginn. Deementspriechend ginn et Ausstellungen zur Entwécklung vun de beléifte Videospillserië vun Nintendo, vun de Charakteren oder awer och vun de Spiller an de Videospillkonsolen, déi ee mat sengem eegene Kierperasaz huet misse steieren.

Ganz um Enn gouf och nach den interaktive Beräich vum Musée virgestallt. An dësem hunn d'Visiteuren d'Méiglechkeet, fir verschidden Nintendo-Produiten auszetesten. Esou gëtt et am Musée am Ganzen aacht Statiounen op deenen een da selwer aktiv ka ginn. Esou kann ee beispillsweis an enger Ekipp mat risege Manette bekannt Nintendo-Spiller spillen oder awer al Spillsaachen, wéi de Superscope oder d'Ultra Machine, ausprobéieren.

Donieft sollen am Musée och nach Workshoppen zum Hanafuda-Kaartespill ugebuede ginn an am Musée gëtt et natierlech och nach e Café souwéi e Merchandise-Shop.