Zanter dräi Joer gëtt et esou ee Game Jam och zu Lëtzebuerg am Kader vum LuxFilmfestival an dem Immersive Pavillon an der Abtei Neimënster.

Wie scho mol ee Video- oder Computerspill gespillt huet, ka sech virstellen, dass do bei der Produktioun vill Aarbecht mat rafléisst. Heiansdo gi ganz virtuell Welte kreéiert an deenen een sou munch Erausfuerderung meeschtere muss. Dohannert stiechen dacks vill kreativ Käpp an nach vill méi Stonnen Aarbecht.

Op engem sougenannte Game Jam ginn och Spiller entwéckelt. Allerdéngs gëtt et hei ee strengen Zäitlimitt. Bannent kierzter Zäit musse sech d’Participanten op eng Iddi eenegen an ufänke mat programméieren, fir um Enn dann ee fäerdegt Videospill ze hunn, dat am beschte Fall och ouni all ze vill Feeler fonctionéiert.

Zanter dräi Joer gëtt et esou ee Game Jam och zu Lëtzebuerg am Kader vum LuxFilmfestival an dem Immersive Pavillon an der Abtei Neimënster. Leschte Weekend hu sech dofir eng 30 BTS-Schüler der Aufgab gestallt. A 6 Ekippen hu si sech opgedeelt an no 48 Stonnen intensiver Aarbecht sinn och 6 Spiller dobäi entwéckelt ginn.

“De Stress-Level ass wierklech héich gewiescht. Wëll mir realiséiert hunn, dass eis Scope vill ze grouss war. Mee am Endeffekt hu mir elo ee Kompromëss gezunn an et sollt esou fonctionéieren”, erzielt d’Nora Colombier. Zesumme mat 5 anere Participanten huet hatt un engem Point&Click-Spill geschafft, bei deem ee sech duerch eng Welt am Wëlle Weste beweegt.

Um Enn sinn déi verschidde Spiller nach präsentéiert ginn a konnten och getest ginn. Eng Jury huet d’Spiller mat Hëllef vu verschiddene Krittäre bewäert. Si hunn zum Beispill gekuckt, wéi d’Spill präsentéiert gouf, wéi d’Ekipp zesumme geschafft huet, awer och op d’Thema agehale gouf.

D’Thema dëst Joer war “Immersive”, dat heescht esou vill wéi andauchen. Wéi d’Participanten d’Thema ëmgesat hunn, war ganz ënnerschiddlech. An enger Ekipp ass dat wuertwiertlech geholl ginn. Beim Spill “Shark Bait” ass een an eng Ënnerwaasserwelt agedaucht.

Bei engem anere Spill ass een net just mat agebonne ginn, an deems ee gespillt huet. Mee et misst een och seng Stëmm notze fir virun ze kommen.  Dat war d'Spill “Blind Rage”. Do ass een en Abriecher, deen näischt gesäit a sech just duerch den Echo vu senger Stëmm am Raum orientéiere kann. Dat heescht ëmmer dann, wann ee Kaméidi mécht, kritt een de Raum ugewisen. Duerno gëtt den Ecran nees schwaarz. Ze haart dierf een awer och net sinn, soss gëtt een erwëscht. Et war um Enn dat Spill, dat d’Jury vu sech am meeschten iwwerzeege konnt. 
“Et war ganz immersive, et war technesch immersive, et war och immersive vun de Grafiken hir, et ware wierklech staark Choixen, déi getraff gi sinn. An dofir huet dat Spill och gewonnen”, präziséiert den Sébastien Tasch vum Film Fong.

D'Jury huet aus dem Ke Medley, Game-Designer aus Kanada, dem Mary Audrey Ramirez, Kënschtlerin a Game-Designerin, dem Fred Neuen vun ‘This is Radar’, dem Sébastien Tasch vum Film Fong an dem David Winter vun RTL bestanen.

"Game Jam" 2025 @ Abtei Neimënster
D’Thema dëst Joer war “Immersive”, dat heescht esou vill wéi andauchen. Wéi d’Participanten d’Thema ëmgesat hunn, war ganz ënnerschiddlech.

D’Ekipp vun “Blind Rage” huet, nieft engem Bong fir op Steam* anzekafen, och d’Méiglechkeet kritt, hiert Spill op Steam selwer ze verëffentlechen, wat natierlech eng Éier fir all Game-Designer an Programméierer ass.
Wie gären a virtuell Realitéiten andaucht, den Immersive Pavillon an der Abtei Neimënster ass nach bis dëse Weekend inclus op. D’Entrée ass gratis.

*Steam ass eng bekannten Online-Plattform, op där ee Computerspiller, awer och Filmer oder Softwaren kafen an downloade kann