An de Joren 1800-1925 si bal 50 Millioune Mënschen an Amerika ausgewandert. Dorënner ronn 70.000 Lëtzebuerger.

D’Uni Lëtzebuerg huet vun 2021 bis 2023 e Videospill entwéckelt, dat genee déi Thematik opgräift. Am Spill The Migrants’ Chronicles sicht ee sech ee vun dräi Personnagen aus, an huet dann als Zil, dee Personnage sécher a gesond an Amerika ze bréngen. D’Spill ass geduecht fir Kanner vun 11 bis16 Joer.

Dofir gouf mat internationalen Universitéite kollaboréiert. Ënnert anerem d’Uni zu Köln, am Game Lab. Do gi reegelméisseg Spiller entwéckelt a si hu fir The Migrant’s Chronicles spezifesch Spill-Mechanismen entwéckelt.
 
“Une des mécaniques principales du jeu c’est le voyage. On permet au joueur d’aller d’un endroit à un autre sur la carte d’Europe au travers de l’océan Atlantique et aux Etats-Unis. Et chaque choix est important, non seulement avec l’argent qu’on dépense, mais aussi les modes de transports et les gens qu’on y rencontre”, seet de Professer Emmanuel Guardiola vun der Universitéit Köln.

Bei der zweeter Mechanik geet et drëms, dass de Spiller sech muss ëm säi Personnage këmmeren. Dozou gehéiert, dass de Personnage genuch schlofen an iesse muss.

Geschicht léiere mat Empathie

The Migrants’ Chronicles ass e sougenannte ‘Serious game’. Och wann et e Videospill ass, kéint een also domat léieren. “Mir gesinn et jo an de kommerzielle Computerspiller, wou een eng Zort Rollespill huet a wou een dann an eng Roll schlüpft. An dann eng Situatioun materliefs, dat ass e ganzt anert Léieren”, esou d’Marie-Paule Jungblut, Coordinatrice vum Projet.

Grad Empathie wier e Mëttel, mat deem ee gutt léiere kéint. Well een am Spill an d’Roll vum Auswanderer klëmmt, da kéint ee sech mat där Situatioun, déi eigentlech friem ass, identifizéieren. An dat kéint een dann och op seng eege Situatioun iwwerdroen: wann een zum Beispill ee Schüler bei sech an der Klass huet, deen en Immigratiouns-Hannergrond huet, da kéint ee sech an deem seng Situatioun versetzen. An dat kéint zu géigesäitegem Versteesdemech féieren.

Patrimoine  

Am Spill ass esouwuel de materiellen, ewéi och den immaterielle Patrimoine erhalen. De materielle Patrimoine bezitt sech op d’Objeten, déi d’Personnage mat op hir Auswanderung huelen. An deen ass gedeelt: e gehéiert esouwuel den Auswanderer an hirer Hierkonft, ewéi och der Communautéit, an déi si ausgewandert sinn.

Den immaterielle Patrimoine ass am Spill representéiert duerch ënnert anerem e Lidd, dat als Auswandererlidd am 19. Joerhonnert gesonge gouf.

Sponsoren & Kollaboratioun 

D’Entwécklung vum Spill huet ongeféier 500.000 Euro kascht. D’Oeuvre Nationale huet ronn 225.000 Euro finanzéiert, déi also d’Majoritéit finanzéiert hunn. Nach finanzéiert hunn de SCRIPT, Digital Luxembourg’s Innovative Initiatives an den Educatiounsministère.

Mat un der Entwécklung geschafft huet de Carlton College am US-Bundesstaat Minnesota.