US-Taxe-Politik
Nintendo reagéiert: Datum, fir Switch 2 virzebestellen, an USA verréckelt

© AFP
U sech war geplangt, datt ee vum 9. Abrëll un an den USA déi neiste Versioun vun der Switch kéint virbestellen.
Dësen Datum gouf awer elo wéinst der Importtax-Politik vum US-President Donald Trump no hanne verréckelt. "Virbestellunge fir d'Switch 2 an den USA wäerten net den 9. Abrëll 2025 ufänken, fir déi méiglech Auswierkunge vun Taxen an d'Konditiounen um Maart, déi sech aktuell entwéckelen, ze bewäerten", heescht et vum japaneschen Hiersteller vu Konsolen. "Nintendo wäert den Zäitplang zu engem spéideren Datum aktualiséieren". Et bleift awer aktuell emol nach beim Plang, datt d'Konsol de 5. Juni op de Maart komme soll.
Am meeschte gelies