Wann de Mupp e Gëftköder ësst"Hien hat Schaum virum Mond an huet aus dem Mond an den Ae geblutt"

RTL Lëtzebuerg
Wann e Mupp e sougenannte Gëftköder ësst, kann dat uerg Konsequenzen hunn, wéi eng Fra aus der Stad erausfonnt huet.

Si war e Samschdeg an der Mëttesstonn mat hirem Mupp an de Bambësch spadséieren. Nodeems si sech mat hirem Auto op de Briddel-Parking gestallt hat, ass si mat hirem Mupp, dem Louis, iwwert den Trëppelwee an Direktioun Bësch gaangen.

Nach éier si an de Bësch eragaange sinn, ass de Mupp, deen deen Ament un enger méi laanger flexibeler Léngt war, an d’Wiss nieft dem Wee gelaf. Um Ufank huet hien nach ganz normal ronderëm geschnoffelt, ma op eemol sollt et ganz séier, ganz eescht ginn, wéi d’Fra eis an engem anonymmen Interview sot: “Op eemol huet en ugefaangen, keng Loft méi ze kréien a Schaum virun de Mond an en huet ugefaangen, aus der Nues an aus dem Mond intensiv ze bludden.”

De Mupp huet ugefaangen aus dem Mond ze bludden

Relativ séier huet d’Fra festgestallt, dass de Mupp eppes an der Strass stiechen huet. Si hätt deen Ament instinktiv reagéiert an de Mupp dozou bruecht, dass hie sech iwwergëtt. Dat huet och geklappt an et huet sech erausgestallt, dass de Mupp Scampie giess huet, déi mat eppes preparéiert waren: “Dunn hunn ech einfach mat der Hand instinktiv a säi Mond gegraff an hien zum Iwwergi bruecht, also dass e sech iwwergëtt, an do sinn zwou immens grouss Scampie erauskomm, esou Crevetten, och geschielt, an dran ass iergendeppes gepresst gewiescht.”

“Ech hunn instinktiv mat der Hand a säi Mond gegraff”

Wéi de Louis dunn nees eenegermoosse stabil war, huet si hie geholl, ass mat him direkt bei den Auto gelaf an direkt an d’Déiereklinik um Krakelshaff gefuer, wou sech dann ëm d’Déier gekëmmert gouf.

Hei hat sech erausgestallt, dass den Hond Gléck am Ongléck hat. Well hien net op der Substanz, déi an d’Krevetten eragepresst war, geknat hat, hat sech dës net a sengem Kierper verdeelt an hien huet keng Infusioun misse geluecht kréien an och net stationär behandelt ginn. Fir de Fall, dass nach e Rescht vum Gëft am Kierper wier, krut si Kuelen-Tabletten a flësseger Form, fir dem Hond ze ginn.

Op d’Fro, ob si eppes anescht maache wäert, wa si an Zukunft mat hirem Mupp spadséiere geet, sot si, dass et schwiereg wier. E Maulkuerf wéilt si dem Hond net onbedéngt undoen. D’Déier sollt sech am Bësch jo fräi beweegen a schnoffele kënnen. Si wäert den Hond awer net méi an héich Wiiss loossen, wou si net gesäit, wat um Buedem läit.

“Et ass schwiereg. Du wëlls dengem Hond och kee Maulkuerf undinn, well e jo awer am Bësch soll d’Fräiheet hunn, kënnen ze richen, ze lafen a sech ze rullen, och mat enger laanger Flexiléngt. A jo, ech wäert awer elo oppassen an en net méi an héicht Gras goe loossen, wou ech net gesinn, wat um Buedem louch.”

“Ech loossen hien net méi an héicht Graass”

Wéi kann ee säin Hond am Beschte schützen?
Eng Fro, déi engem no esou engem Erliefnes natierlech an de Kapp kënnt, ass déi, wat een da maache kann, fir ze verhënneren, dass den Hond iwwert dem Spadséieren eppes vum Buedem ësst. Wéi d’Déierendoktesch Romi Roth erkläert, wier et bei Muppen, bei deene kee Risiko vu Bläungen oder enger sougenannter “Magendrehung” besteet, dat Bescht, d’Déier ze fidderen, éier ee Spadséiere geet.

Iwwert dem Spadséiere selwer, sollt een dann esou vill ewéi méiglech mat gesonde Leckerlie schaffen, an d’Déier, esou gutt ewéi et geet, vu méigleche Köderen oflenken: “Wann ee se dovunner oflenkt, doduerch dass se vill méi flott Saache kréien, wéi esou ee Köder, da sinn d’Chancen oder d’Risiken, dass se sech fir esou eppes interesséieren, fir dat se sech léiwer net sollten interesséieren, déi sinn da scho vill méi kleng, wat jo eng gutt Saach ass.”

Et kann hëllefen, de Mupp ofelénken

Bei Muppen, bei deenen Oflenkung net hëlleft, kann ee mat enger spezieller Zort Maulkuerf schaffen, dee verhënnert, dass d’Déier mat der Schnuff op de Buedem kënnt: “Dat si sou - jo - sou Dispositiffen, déi bëssen ugedoe ginn, wéi e Maulkuerf, mä en fait hënnere se d’Déier just drun, fir mat der Schnuff ganz op de Bueden ze kommen. Dat ass sou bëssen eng Schëpp, déi méi wäit ass, wéi de Kënn vum Hond, an deen Ament kënnt d’Déier net richteg un de Köder.”

E spezielle Maulkuerf kann hëllefen

Wann d’Temperaturen allerdéngs ganz héich sinn, sollt een op all Zort vu Maulkuerf verzichten. Dat well dës den Hond dorun hënneren, sech iwwert d’Hechelen ofzekillen.

An deem Kontext wier et och gutt, wann een den den Hond vu Klengem un dru gewinnt hätt, och emol an d’Schnëss gegraff ze kréien. Dat géif et engem erlaben, him och Mol eppes aus der Schnëss ze zéien, wat e vum Buedem opgegraff huet.

“Da gräift een iwwert d’Schnëss driwwer, also vun der Nues hier dréckt een, d’Leften e bëssen un - déi iewescht Zänn - an an deem Moment léisst sech liicht mat där anerer Hand den Ënner-Kifer ewechhuelen an da gesäit een, wann dat direkt nom Ophuelen ass, da läit deen - wat och ëmmer et dann ass, u Geschicht, déi een do wëll eraushuelen - läit deen esou, dass ee séier kann eragräifen.”

Virsichteg versichen, dem Mupp eppes aus dem Mond ze huelen

Ma och wann een dem Hond eppes aus der Schnëss hëlt, kéint ee sech net sécher sinn, dass dësen net awer eppes ofgeschléckt huet. Et sollt een also egal wéi esou séier ewéi méiglech bei en Déierendokter goen, wann den Hond eppes vum Buedem gefriess huet.

Bei de Köderen, déi alt Mol ausgeluecht ginn, fir den Hënn ze schueden, muss et sech net ëmmer ëm Gëftköderen handelen, heiansdo ginn och Gilletten oder Neel an d’Ködere gemëscht. D’Symptomer, déi de Mupp weist, hänken da vun der Zort vum Schuedstoff of. Bei Gilletten oder Neel blutt d’Déier meeschtens direkt aus der Schnëss. Bei Rategëfter blutt et aus quasi alleguer de Kierperëffnungen, woubäi et hei an der Reegel allerdéngs e puer Stonnen dauert, bis dës Gëfter wierken. Méi séier wierkt Schleeke-Gëft. Hei kënnt et zu nervöse Symptomer, wéi Zucken, staarkem Späichelfloss a Schaum virum Mond. Besonnesch geféierlech wieren dann déi nei Rategëfter, déi aus engem Anästhetikum, Chloralhydrad a Glucose bestinn, a géint déi et kee Géigemëttel gëtt. Deelweis géifen och verschidde Gëfter respektiv mechanesch Schuedstoffer an deen nämmlechte Köder gemaach ginn.

Wann de Mupp dann ee vun de genannte Symptomer weist, muss en esou séier ewéi méiglech bei de Véidokter bruecht ginn. Tëscht 8 a 16 Auer sinn dat an der Reegel de Veterinär, bei deen een normalerweis geet respektiv den noosten Déierendokter. Tëscht 16 a 24 Auer muss ee sech un ee vun de Cabinete riichten déi Gard hunn respektiv un d’Déiereklinik. Déi zwou Déiereklinicken am Land sinn déi ganz Woch iwwer ronderëm d’Auer op. Dat fir déi liewensgeféierlech Noutfäll ze couvréieren. Wéi eng Cabinete Gard hunn, kann een um Internetsite vum Collège veterinaire noliesen.

Fir de Fall, dass de Wee bei den nächsten Déierendokter méi wäit wier, sollt een dem Déier schonn um Wee ganz vill Déiere-Kuel ginn: “An zwar ee Gramm op de Kilo Hond, an ech warnen, dat ass zimmlech vill, mä trotzdeem, dat muss sinn. Also wann eng Vergëftung ze fäerten ass, onbedéngt direkt och ënnerwee scho probéieren, fir dat dem Déier anzeginn.”

Dem Mupp vill Déierekuel ginn

D’Déiere-Kuel kann een ouni Rezept an der Apdikt kafen.

Back to Top
CIM LOGO