
Enger neier Etüd no ginn et d’Exkrementer vun den Déieren an Naturschutzgebitter dacks an esou grousse Quantitéiten, datt dëst warscheinlech der Déierewelt schuet an d’Natur aus dem Gläichgewiicht brénge kéint. De Buedem laanscht Wanderweeër hëlt doduerch ze vill Stéckstoff a Phosphor op, esou datt en iwwerdüngt gëtt a Wäerter erreecht, déi op landwirtschaftleche Felder illegal wieren.
D’Fuerscher koumen zu dëse Konklusiounen, andeems si 18 Méint laang d’Unzuel un Hënn a véier Naturschutzgebitter an der Géigend vu Gent an der Belsch gezielt hunn. An Europa, an deem eng 87 Milliounen Hënn liewen, wier d’Situatioun wuel iwwerall änlech. D’Muppe ginn doheem gefiddert a scheeden da beim Spadséieren d’Nierstoffer rëm aus, déi am Joresduerchschnëtt 11kg Stéckstoff pro Hektar a 5kg Phosphor hannerloossen.
Déi meescht Ekosystemer wiere vun Natur aus nierstoffaarm, an eng Iwwerdüngung géing d’Aartevillfalt verréngeren, andeem et vereenzelte Planze wéi Brennnesselen erméiglecht, anerer ze verdrängen, heescht et am brittesche “Guardian”.
D’Wëssenschaftler wieren allerdéngs iwwerrascht doriwwer gewiescht, wéi héich den Afloss duerch d’Déiere wier. Déi “atmosphäresche Stéckstoffwäerter aus der Landwirtschaft, der Industrie an dem Verkéier” géingen zu Recht vill politesch Opmierksamkeet kréien, ma “d’Hënn géing awer dacks vernoléissegt ginn”.
Mam Asammele vun den Exkrementer géing een zwar bal de ganze Phosphor opsammelen, ma awer just d’Hallschent vum Stéckstoff, well dësen am Urin enthalen ass, an een deen nëmme schwéier ewechkritt. En éischte Schrëtt wier et Hondsbesëtzer op den Effekt opmierksam ze maachen. Weider kéint een iwwert e Verbuet fir d’Spadséiere mam Hond a Gebitter mat besonnesch kriddelegen Ekosystemer nodenken. Sou wéi dat och fir de Schutz vu Vullen oder aneren Déiere gemaach gëtt.
Déi nächst Fuerschungsschrëtt kéinte Buedemanalys sinn, fir déi aktuell Schätzungen aus der Etüd z’iwwerpréiwen an d’Recherche och op Hauskazen z’erweideren.