"Déi bei den europäeschen Institutiounen zu Lëtzebuerg schaffen - déi hunn et gutt" - dat ass fréier mol ëmmer sou gesot ginn. Déi Leit hätten déck Paien a soss vill Virdeeler. Mee d'Kommissioun, d'Parlament an den Europäesche Geriichtshaff hunn ewell Problemer, Personal fir de Grand-Duché ze fannen. D'Argument vum héije Salaire, der wirtschaftlecher Stabilitéit an de soziale Virdeeler ass net méi staark genuch, well d'Liewenskäschte virun allem duerch de Logement därmoossen héich sinn.
Et ass eng éiweg Konkurrenz tëscht Bréissel, Stroossbuerg a Lëtzebuerg. De Grand Duché huet ee kloren Nodeel. Zanter e puer Joer hunn d'EU-Institutiounen hei am Land Schwieregkeeten, fir Leit ze rekrutéieren.
Haaptproblem sinn déi deier Wunnengspräisser. Dat huet natierlech een direkten Impakt op d'Kafkraaft vun de Stéit. Tëscht Bréissel a Lëtzebuerg soll den Ënnerscheed bei de Liewenskäschte bei ronn 25 Prozent leien.
Leschte Summer gouf eng Wunnengszoulag guttgeheescht, mee des Hëllef riicht sech virun allem un déi ganz niddreg Paien, et ass keng laangfristeg Léisung. Gefuerdert gëtt ee Mechanismus, fir dass d'Paien esou ugepasst ginn, dass d'Kafkraaft fir Fonctionnairen zu Bréissel an zu Lëtzebuerg déi selwecht sinn.
Net nëmme Poste mat niddrege Salaire si schwéier ze besetzen. Och Poste mat méi Verantwortung sinn an tëscht betraff, well d'Käschte fir de Logement zu Lëtzebuerg einfach ze héich sinn.
Well sech d'Wunnengskris net vun haut op muer léise wäert, kéinten d'Institutiounen um Enn kaum een anere Choix hunn, wéi d'Paie vun hire Beamten ze erhéijen. Et geet drëm, Lëtzebuerg als Standuert attraktiv ze halen.