Nei Reegelunge beim BauenDéi Gréng maache sech Suergen ëm geschützte Beem - ADR huet Froen zu Steengäert

Marc Hoscheid
Déi nei Reegelunge solle vum 1. Januar 2028 u gëllen a stousse generell op Ënnerstëtzung.
© RTL

Zu Lëtzebuerg soll an Zukunft méi séier a méi einfach gebaut kënne ginn, fir dat Zil ze erreechen, gëtt engersäits een eenheetlecht Bautereglement fir dat ganzt Land agefouert an anerersäits ginn d'PAG- a PAP-Prozeduren harmoniséiert a vereinfacht. Den Inneminister Léon Gloden huet den entspriechende Gesetzesprojet en Dënschdeg de Moien an der parlamentarescher Interieurskommissioun presentéiert.

Generell goufen déi Ännerunge vun alle Parteie begréisst, et goufen awer eng Partie Detailfroe gestallt respektiv eenzel Punkte méi kritesch gesinn. De Meris Šehović vun deene Gréngen fäert zum Beispill, datt de Schutz vu verschiddene Beem am urbane Raum geschwächt kéint ginn.

"Ech stousse mech eigentlech un der Definitioun vun engem schützenswäerte Bam sou wéi dir se gemaach hutt, well der sot, ab engem Krounenduerchmiesser vun 12 Meter steet ee Bam ënner Schutz. Lo mengen ech ass dat warscheinlech kee Problem zu Rouspert oder sou, do hutt een där Beem, bei der Madame Polfer, bei mir am ganz urbane Raum kréie Stroossebeem déi Dimensioun ganz oft net, well se net genuch Plaz hunn, fir sech ze entwéckelen."

Dat géing virop d'Stad Lëtzebuerg an Esch betreffen.

De Frank Goeders, Premier Conseiller am Inneministère, huet an Aussiicht gestallt, datt d'Texter nach nogebessert kéinte ginn, wa sech an der Praxis Problemer weise sollten.

Fir eng besser Duerchlässegkeet vun de Biedem ze garantéieren, ass ënnert anerem ee Verbuet vu Steengäert virgesinn, wat beim Tom Weidig vun der ADR zu e puer Onkloerheete gefouert huet.

"Wéi funktionéiert dat praktesch? Ass et wierklech sou, datt nëmme wann s de een neit Haus baus, datt s de da kee Virgäertche kanns maachen, dee komplett verbaut ass oder sinn et och déi aner? Sou wäit ech et verstanen hunn, sinn et just déi nei Haiser. Dat zweet ass, wann s de een Haus hues an een anere keeft dat Haus an e mécht de Virgäertche lo op eemol aus Steng, do brauch e jo keng Geneemegung, fir ee Virgäertchen ze amenagéieren. Duerf en dat da maachen oder net maachen?"

Hei war et d'Äntwert, datt Gäert, déi scho bestinn, sou bleiwe kënnen, wéi se sinn. Wann Ännerunge geplangt sinn, muss ee sech awer un déi nei Reegelen halen, déi vun de Gemenge kontrolléiert musse ginn.

Déi nei Reegelunge solle vum 1. Januar 2028 u gëllen.

Back to Top
CIM LOGO