Si kënnen engem d’Vakanz richteg verdierwen: Am Mëttelmier quälen ëmmer méi dacks Jelliskäpp d’Schwëmmer. Zanter Mëtt Juni ass d’Zuel u “Feierquallen” vun der Aart “Pelagia noctiluca” virun de Küste vu Korsika an der Côte d’Azur explosiounsaarteg an d’Luucht gaangen an ëmmer méi Touriste gi gepickt.
Et gi vill Tipps, wéi een de Wéi reduzéiere kann, ma den Ozeanograf Fabien Lombard huet Zweiwel un de meeschte Methoden. Op d’Wonn ze pissen, géing sécher net hëllefen, ma virun allem sollt een déi betraffe Plaz “mat Mierwaasser spullen oder mat Sand ofreiwen”. Well d’Jelliskäpp blann sinn, stieche si alles, wat hinne begéint, fir ze probéieren, ob si et friesse kënnen. Deemno injektéiere si Nervegëft, wann ee widder d’Déiere kënnt.
Experte warnen awer do virdrun, d’Jelliskapp-Plo als Problem unzegesinn. Dës wier éischter e Symptom vun der Iwwerfëschung vun de Mierer. Wéi et vum Mieresfuerschungsinstitut Stareso ass d’Iwwerfësche vun Déiere wéi Thon an Deckelsmouken, déi béid Jelliskäpp friessen, eng plausibel Hypothees, fir dat méi dackst Virkomme vu Jelliskäpp.
Iwwerdeem gëtt och den Notze vun den Déiere betount: D’Jelliskäpp kënnen als Fudder an der Fëschzuucht oder fir d’Erhale vun der Buedemfiichtegkeet am Wäin- oder Räisubau agesat ginn. D’Kollage vum Jelliskapp ginn ënnert anerem och fir Wëndelen oder Tampone genotzt, fir Fiichtegkeet ze bannen, an op verschidde Plaze gi se souguer genotzt, fir Bëtong méi flexibel ze maachen, fir datt dëse besser géint Äerdbiewen duerhält. Donieft gëtt doru gefuerscht, wéi d’Jelliskäpp bei der Knorpelbildung am mënschleche Kierper hëllef kënnen.