
© éditions Guy Binsfeld
Op 6 verschidde Reesen hëlt de Jean Back seng Lieser mat. Et geet an Italien, Mazedonien an Albanien, op Berlin an op Porto a souguer bis a Japan.
"Reisen ins Himmelblau & ein Weihnachtsmärchen" dat ass den Ënnertitel vun dem Buch dat mir Iech haut an eiser Lecture vun heiheem virstellen. Et geet awer dobäi manner ëm Chrëschtdag a méi ëm d'Reesen. D'Bea Kneip huet sech mam Jean Back iwwer säin Erzielband "Kreuz und mehr" ënnerhalen.
Fir de Jean Back huet 2019 grad esou gutt ugefaangen wéi 2018 opgehalen hat. Nodeems en am November ex Aequo mam Gast Groeber beim Schreifconcours vum European Prize for Literature ausgezeechent gouf, konnt en elo och de Kulturpräis vun der Stad Diddeleng entgéinthuelen. Net ze vergiessen, huet en och en neit Buch opweises. 6 Erzielungen a ganz verschiddene Formater féieren de Lieser an Italien, Albanien, Mazedonien, op Porto an op Berlin. Am Mäerchen "Liebe Akira" geet et souguer bis a Japan, en Deel spillt awer och am Escher Quartier Hiehl. Béid Plazen hunn eng besonnesch Bedeitung fir den Auteur, wann och op verschidde Manéieren.
An "Liebe Akira" spillt den Auteur mat klassesche Mäerchenthemen fir eng modern Geschicht doraus ze schafen. D'Schamanin Majikku soll den Ingo, den no engem schwéieren Accident entstallt ass, heelen, mä et stellt sech eraus, dass hien ënnert sengem décke Kappverband net nëmme physesch Wonne verstoppt. Et ass eng Geschicht iwwer Mëssbrauch, Schold a Strof, déi wéi all Mäerchen och eng Moral a sech dréit.
E ganz aneren Toun schléit de Jean Back an deene 5 méi kuerzen Erzielungen un, déi zwar och emol vereenzelt fiktiv Elementer enthale kënnen, an deenen en awer haaptsächlech vu senge Reese verzielt. Dat kann e ganz klassesche Reesbericht sinn, wéi deen an dem en d'Schéinheeten vun der Stad Porto zelebréiert, et kann awer och eng méi perséinlech Erzielung sinn, wéi an "Post Abi Magie". Zu enger Zäit wou déi Lëtzebuerger Primaner nach net all Joers en Masse op Lloret gepilgert sinn, huet dem Jean Back seng Post-Abi Rees hien op de Spuere vu senger Famill an Italie gefouert...
Italien dierften déi meescht Lieser méi oder manner gutt kennen. Anescht ass et mat der mazedonescher Haaptstad Skopje, der Gebuertsstad vun der Mutter Teresa, oder mat Tirana, der Haaptstad vun Albanien. Och si huet de Jean Back op seng ganz eege Manéier fir sech entdeckt, vun der bal iwwernatierlecher Begéignung mam "Engel von Skopje" bis bei eng literaresch Kuerzvisite an d'Stad vum fréieren albaneschen Diktator Enver Hoxha.
Op engem besser bekannten Terrain bewege mer eis an der Erzielung "Berliner Böller". Eng Sylvesternuecht an der däitscher Haaptstad, de Kaméidi vun de Knupperten versetzt de Quartier Charlottenburg an en Ausnamezoustand, iergend enzwousch tëscht Volleksfest a Krichszeenerie.
A sengen Texter verschafft de Jean Back seng subjektiv Erfahrungen, déi en zu verschiddenen Zäiten an a verschiddene Situatioune gemaach huet. Do ass net weider erstaunlech, dass de Primaner d'Welt anescht gesäit wéi den "Ehemann, Vater und Opa" den duerch d'Stroosse vu Berlin trëppelt. D'Thema "Rees" zitt sech wéi e roude Fuedem duerch déi 6 Texter, soss sinn se awer grondverschidden. Wann der Iech also wëllt mat op d'Rees goen, da kënnt Dir Äer Plaz elo souzesoen "buchen", an dat an alle gudde Bicherbutteker.
An hei nach d'Detailer fir Äer "Buchung": "Kreuz und mehr" vum Jean Back ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm.

© RTL/Bea Kneip