En neit lëtzebuergescht Héierspill mat Billerbuch an CD

D´FGIL presentéiert fir d´Rentrée 2021/2022 ënnert hirem didaktesche Material dat neit
lëtzebuergescht Héierspill “ De Muxfux huet Gebuertsdag”, mat séngem Billerbuch an der
dozou passender Lehrerhandeichung, geschriwwen a realiséiert vum Sally Weyland a
Corinne Wirion, déi an de Schoulen an d’Cyclen 1-3 fachiwwergräifend genotzt kënne ginn.

RTL

E klengen Abléck...
De Muxfux fënnt um Dag vu sengem Gebuertsdag e blénkege Bréif mat komplizéierte Wierder.
Zesumme mat senger Frëndin Lussi probéieren se dësen ze entschlësselen a begéinen
op hierer Sich nei Frënn: en Dausendféissler, deen an enger Hiel Botter klappt a mat Zuelen
hantéiert, Kéi déi just Mëllech gi wann se laachen, Seejomessen déi Diamanten transportéieren
an hier Reserve wëlle lassginn, en Iesel dee Millenzaubermiel muelt, mee nëmme wann
hien net gehetzt gëtt, een Duerchsichtegen op dee se bal getrëppelt sinn, mee dee gutt Tipps
huet, an een Hong wat goldeg Eeër leet an dowéinst wéimere muss. Sie schwammen duerch e
Floss mat Mëllech a lecken un engem Reebou, bis si endlech alles zesummen hunn, wat op der
Lëscht vum blénkege Bréif steet an domat de beschte Gebuertsdagskuch vun der Welt baken.

RTL

D'Corinne Wirion an d'Sally Weyland

Sally Weyland
D´Sally Weyland huet seng Studien zu Köln/Wuppertal an der Konscht (mam Schwéierpunkt
Molerei a Fotografie) an an der Pedagogie gemaach. Nieft dëse Studien huet
hat Däitsch Sprecherziehung a Schauspill am Conservatoire de Luxembourg geleiert.
Am Joer 2003 huet hat als Presentatrice bei Tango Tv geschafft.
Seid 2010 schafft hat am LTPES an forméiert do zukünfteg Educateuren an de Fächer
Pädagogik, Naturpädagogik, Theater an “Langue et communication dans l´expression”
souwéi an der Stagebgleedung.
D´Sally Weyland ass Mamm vun dräi Jongen a verbréngt hier Fräizäit gären an der
Natur.
Corinne Wirion
D’Corinne Wirion schafft säit 2006 als Léierin am Enséignement fondamental an der
Gemeng Lëtzebuerg. Niewent dem Pedagogiestudium zu Léck an engem Master am
Fach „Health Promotion in Europe“ a Südengland, huet si däitsch a franséisch Sprecherziehung
a Schauspill am Conservatoire de Luxembourg geléiert. Säit der Kandheet
ass si an de Scouten engagéiert an ass haut Mamm vun dräi Meedercher.

De Projet besteet aus dräi Produit’en:
• De Kär vum Projet ass d’Héierspill, dat op CD an engem CD/Buch vu 16 Säiten
hannen am Buch befestegt ass. Dest Buch beinhalt:
o Illustratioune vum Sally Weyland passend zur Geschicht
o Eng CD mam kompletten Héierspill vu 56 Minutten, geschriwwe vum Sally
Weyland a Corinne Wirion
o D´Liddertexter zu de 5 lëtzebuergesche Lidder déi an d´Geschicht agebonne
sinn, geschriwwe vum Sally Weyland, Corinne Wirion a Katrin Trierweiler.
D’Lidder si komponéiert vum Katrin Trierweiler an arrangéiert vum Claude
Schlim.
D’Geschicht vum Muxfux mat flotte Kannerlidder fir matzesangen, spillt sech an aacht
Kapitele vu 5-10 Minutten of.
Enregistrement a Postproductioun: Schlim Studio

• Den zweeten Deel vum Projet ass een ergänzende Billerbuch mat dem vereinfachten
Text zur Geschicht aus dem Héierspill fir déi Kleng a fir d’Schoule speziell fir de
Cycle 1, mat engem QR-Code fir d’Iwwersetzunge vun der Geschicht op Däitsch,
Franséisch, Englesch, Spuenesch, Portugiesesch an Arabesch. Dëst Buch hëlleft dene
ganz klengen a Kanner déi d’lëtzebuergesch Sprooch nach net esou gudd beherrschen,
neie Wortschatz ze erschaffen an d’Geschicht ze verstoen. Et kann eleng oder
als Preparatioun fir d’Héierspill genotzt ginn.

• E weideren Deel ass eng Lehrerhandreichung mat 111 Säiten didakteschem
Material, thematesch zur Geschicht, ënnerdeelt a Kapitelen an de Kategorien:
Konscht, Musék, Spill, Projet, Natur an Ëmwelt, Héierverstoen, Diskussioun an Unter
richtsverweise. Et fënnt ee fir all Kapitel einfach uwennbar Aktivitéiten a Kopiervorlagen,
fir nom Lauschtere fachiwwergräifend mat de Schüler ze schaffen. D’Lehrerhandreichung
ass deels op Däitsch, deels op Lëtzebuergesch geschriwwen.
Di dräi Produit’en kënne fir Schoulen a Gemengen direkt bei der FGIL um Site www.fgil.lu bestallt
ginn a si fir jiddereen ab dem 15. Oktober 2021 an de Librairien ze kréien.

D´Simone Schmit, Kanner- a Jugendpsychotherapeutin, kommentéiert dëse Projet folgendermoossen:
« Mat Faarwen, Kläng, vill Humor a liewensnoen Themen, invitéiert des Geschicht eis Kanner
dozou, sech um Muxfux senger Welt inspiréieren ze loossen. En Appell un d´Fantasie an
d´Stäerkte vum Kand, dee méi magesch net kéint sinn.“

D‘Iwwersetzunge vum Billerbuchtext goufe vu folgende Leit gemaach:
Däitsch: Diane Lecorsais
Franséisch: Nathalie Barbel
Portugiesesch: Daisy Lickes
Spuenesch: Javier Esteves a Charlotte Wirion
Englesch: Martine Wilwert a Corinne Wirion
D‘Lidder am Héierspill goufe vu folgende Leit gesongen:
De Muxfux:
Louis Daman, Daniel Megyimori a Katrin Trierweiler
Millestëbs:
Louis Daman, Marc Jentges, Chloé May a Katrin Trierweiler
Bungafunga:
Frazer Alexander, Astrid Godart, Sandra Schiumarini, Katrin Trierweiler a
Sally Weyland
Reeboulidd:
Chloé May an Artur Pacheco Alves

D‘Rollen am Héierspill si vu folgende Leit geschwat:
Erzielerin: Corinne Wirion
Muxfux: Louis Daman
Lussi: Sophie Thiry
Jomes 1: Sally Weyland
Jomes 2: Jona Engel
Jomes 3: Felix Engel
Jomes 4: Louis Thiry
Jomes 5: Moritz Engel
Jomes 6: Tunn Wirion
Jomes 548013: Sofia May
Iesel Mill: Marc Jentges
Italienesch Kou: Sandra Schiumarini
Griechesch Kou: Katrin Trierweiler
Englesche Stéier: Frazer Alexander
Franséisch Kou: Astrid Godart
Däitsch Kou: Sally Weyland
Flénkféissler Butz: Nils Clees
Hong Henri-Hetty: Michèle Clees
Duerchsichteg: Daniel Megyimori