Lëtzebuerger PolitikFréieren CSV-Politiker an Hofmarschall Lucien Weiler am Alter vu 74 Joer gestuerwen

Céline Eischen
Roy Grotz
David Winter
Als Zeeche vun Trauer a Respekt setzt d’Chamber fir den Éiere-Chamberspresident vun e Méindeg un d’Fändelen um Krautmaart fir dräi Deeg op Hallefmast.
© RTL

De fréieren CSV-Politiker an Hofmarschall Lucien Weiler ass am Alter vu 74 Joer stënterlech gestuerwen. De Politiker an Affekot gouf den 3. August 1951 zu Ettelbréck gebuer, an huet zu Léck Droit studéiert. De 9. Februar 1977 huet hie säin Eed als Affekot geleescht a war bis zu sengem Doud um Barreau ageschriwwen.

De Lucien Weiler war vun 1986-1993 an der Gemengepolitik zu Dikrech aktiv, dat ënnert anerem als Schäffen. Vun 1984 bis 2013 war de Politiker dann Deputéierte fir d’CSV um Krautmaart. An dëser Zäit war hien och vun 2004 bis 2009 éischte Bierger vum Land.No senger Zäit an der Politik war de Lucien Weiler vun 2016 bis seng Pensioun am Joer 2020 Hofmarschall.

De Lucien Weiler (L), deemools Chamberpresident, mam deemolege Lëtzebuerger Premierminister Jean-Claude Juncker (R) de 16. Mäerz 2005 zu Bréissel.
De Lucien Weiler (L), deemools Chamberpresident, mam deemolege Lëtzebuerger Premierminister Jean-Claude Juncker (R) de 16. Mäerz 2005 zu Bréissel.
© THIERRY MONASSE/AFP

De Lucien Weiler hannerléisst seng Fra an zwee Filssen. Ee vun hinnen ass den Dikrecher CSV-Député-Maire Charel Weiler.

Als Zeeche vun Trauer a Respekt setzt d’Chamber fir den Éiere-Chamberspresident vun e Méindeg un d’Fändelen um Krautmaart fir dräi Deeg op Hallefmast.

Éischt Reaktiounen aus der Lëtzebuerger Politik

D’Land géif mam Lucien Weiler ee grousse Politiker verléieren, esou de Premier an CSV-Parteipresident Luc Frieden an enger éischter Reaktioun um RTL-Mikro: “Ech verléiere mam Lucien Weiler e Frënd. An d’Land an och d’CSV verléiert e grousse Politiker. E Frënd, well ech muss soen, de Lucien Weiler war mäin éischte Fraktiounschef, wéi ech jonken Deputéierte gi sinn. A wat mech ëmmer beandrockt huet, a wat ech och als Lektioun matgeholl hunn, hien huet deene Jonken eng immens Chance ginn. En huet mer erlaabt éischte Budgetsrapporter ze ginn. En huet mer erlaabt d’Verfassungsreform ze maachen. En huet also Jonker ënnerstëtzt. Ënner anerem wat mech beandrockt, ass, datt en, obschonns datt en erfollegräichen Affekot war, eigentlech säi ganzt Liewen an den Déngscht vun der Allgemengheet gesat huet. E war, mengen ech, eng 30 Joer Deputéierten, ënner anerem Chamberpresident, an dat war fir hien dat Engagement, wat e fir d’Land gemaach huet. An duerfir mengen ech, si mer natierlech traureg, mee mir hunn ëm och ganz vill ze verdanken.”

De Premierminister Luc Frieden iwwert den Doud vum Lucien Weiler

Och den CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz regéiert e Sonndeg an engem Post op de soziale Medien an ënnersträicht, dass de Lucien Weiler laang Zäit d’Lëtzebuerger Politik matbestëmmt huet an dass een de Politiker wäert a “gudder Erënnerung” behalen.

Back to Top
CIM LOGO