Oppene Bréif vum Philippe WilmesProzedur vu senger Suspendéierung géif un "donkel Zäiten" erënneren

Céline Eischen
David Winter
Nodeems sech de suspendéierten Dr Philippe Wilmes u seng Patienten adresséiert an eng Solidaritéitswebsäit opgemaach huet, riicht sech den Orthoped elo och un de Premier Luc Frieden.

An engem oppene Bréif gesäit hie sech als politescht Affer a vergläicht seng Affaire mat den Zoustänn am Mëttelalter, schwätzt vun “donkelen Zäiten” wou ouni Defense jugéiert gouf, kritiséiert domadder fundamental déi rechtsstaatlech Prozedur a sengem Fall.

Hei de komplette Bréif vum Philippe Wilmes un de Luc Frieden

Hie reprochéiert besonnesch der Gesondheetsministesch Martine Deprez, datt hien ouni fair Prozedur suspendéiert gi wier, a schwätzt esou guer vun Amtsmëssbrauch an illegalen Handlungen. Och dem Collège Medical reprochéiert hien, sech net u legal Prozeduren ze halen.

Den Dokter Philippe Wilmes appelléiert un de Premierminister, datt dësen elo an der Verantwortung stéing fir, wéi hie seet, nees Verantwortung an de Rechtsstaat hierzestellen, an dat mat enger vollstänneger an transparenter Opklärung vum Dossier. Net nëmme géif dës Affär him selwer schueden, méi géif och e “Generalverdacht” fir all d’Dokteren am Land bedeiten.

Den Dokter fuerdert a sengem Schreiwes de Premier Luc Frieden dozou op, déi “skandaléis Decisioun” vu senger Suspendéierung opzehiewen a sou de Wee nees fir eng verfassungskonform Prozedur opzemaachen.

Back to Top
CIM LOGO