
An der Nuecht op e Freideg, 31. Januar 2026, koum et an der Rue Dicks an der Stad zu enger gewalttäteger Ausernanersetzung, bei där dräi Persoune blesséiert goufen. Wéi et säitens der Police heescht, ass de brutale Virfall an der Géigend vun enger Disco, respektiv engem Nuetsclub geschitt.
Eng Persoun huet esou schwéier Blessuren um Kapp dovunner gedroen, dass dës huet missen noutoperéiert ginn.
D’Police huet direkt Ermëttlungen ageleet. Déi verdächteg Täter konnten och tatsächlech ermëttelt ginn. De Parquet huet ordonéiert, dass dës festgeholl ginn a koume virun den Untersuchungsriichter.