De Sonndesinterview mam Denis ScutoE Gespréich iwwer Futtball, Migratioun, kulturelle Patrimoine an Identitéit

Cédric Ferry
Den Denis Scuto féiert säin Interessi un der Aarbechterbeweegung, der Migratioun an der Lëtzebuerger Identitéit och op seng eege Biographie zeréck.
Dëse Sonndeg am Interview: Den Denis Scuto
Den Denis Scuto féiert säin Interessi un der Aarbechterbeweegung, der Migratioun an der Lëtzebuerger Identitéit och op seng eege Biographie zeréck.

Fir de Sonndesinterview huet den Denis Scuto eis Rendez-vous an der “Verlängerung” ginn, der Buvette vum Stadion op der Grenz, der Heemecht vun der Escher Jeunesse. Mat iwwer 500 Matcher ass hie bis haut dee Spiller, deen am dackste fir de Lëtzebuerger Rekordchampion gespillt huet.

"[...]ech sinn net nëmme Jeunesse-Spiller, ech sinn och e Jeunesse-Fan.”
Denis Scuto

De Futtball wier him eigentlech an d’Wéi geluecht ginn, erkläert hien. 1964 als Bouf vun enger Lëtzebuerger Mamm an engem italieenesche Papp gebuer, kënnt hien iwwer säi Bop, de Jemp Hoscheid, deen an den 1930er Jore fir d’Jeunesse gespillt huet, op d’Escher Grenz: “Jo, an, ech mengen, déi éischt Fotoen hunn ech vum Fussballspille mat véier, fënnef Joer. Dat heescht, mäi Bop huet mer direkt de Ball ginn an et war natierlech kloer, datt dat nëmmen da konnt an der Jeunesse sinn.”

Mat aacht Joer huet den Denis Scuto ugefaangen, an der Jugend vun der Jeunesse ze spillen an huet schliisslech seng ganz Karriär beim nämmlechte Veräin verbruecht. Obwuel et déi eng oder aner Offer gouf, ass hien ni bei en anere Club gewiesselt. Wéi hien erkläert, wier hien op vill verschidde Manéieren un d’Jeunesse gebonnen:

“Ech hunn déi eng oder déi aner Offer kritt, mee ech ka mech erënneren, bei enger Offer, hunn ech erkläert: ‘Hei, ech sinn net nëmme Jeunesse-Spiller, ech sinn och e Jeunesse-Fan.’ An dofir, effektiv, ass dat fir mech net a Fro komm. Bon, mir haten natierlech och d’Chance, datt mer als Club natierlech ëmmer relativ virbäi waren, respektiv an den Achtzeger an Nonzeger Joren, wou ech gespillt hunn, och eebe ganz oft Champion gemaach hunn, dat huet d’Saach erliichtert. Mee ech war effektiv iwwer ganz vill verschidde Weeër un dee Club gebonnen a meng Famill, mäi Bop huet och hei am Quartier gelieft. Ech sinn hei am Quartier op d’Welt komm. Bon, dono sinn ech zwar op Lalleng geplënnert, mee ëmmer nach an Esch. Dat heescht, all déi Saachen hu matgespillt, datt ech hei ni fortgaange sinn.”

De gesellschaftleche Wandel betrëfft och de Futtball

D’Achtzeger an d’Nonzeger Jore kann een, op d’mannst wat d’Zuel vun de Spectateuren um Terrain betrëfft, als lescht grouss Zäit vum Lëtzebuerger Veräinsfuttball bezeechnen. De Réckgang vun de Spectateurszuele wier dem Denis Scuto no op e puer Grënn zeréckzeféieren. Engersäits hätt d’Lëtzebuerger Gesellschaft sech staark verännert:

“An de Siwwenzeger Jore war zum Beispill d’Jeunesse praktesch wierklech nach en Aarbechter-Club, wou de Gros op der Schmelz geschafft huet. Dono an den Achtzeger Joren huet een och gemierkt, dann hunn ëmmer méi Leit vun der Jeunesse op der Gemeng an op de Banke geschafft. Dat heescht, mer hu bëssen déi ganz Entwécklung, deen Iwwergang vun enger Industriegesellschaft zu enger Déngschtleeschtungsgesellschaft, vun der Finanzplaz, huet een och natierlech erlieft iwwert de Fussball.”

D’gesellschaftlech Entwécklung huet och Auswierkungen op de Futtball.

“Et ass ganz kloer en Identifikatiounsproblem do. Dat ass effektiv, mengen ech, ee vun den Haaptgrënn, firwat dann och manner Zuschauer kucke ginn.”
Denis Scuto

Donieft hätt eng ëmmer méi staark Fixéierung op d’Resultater dozou gefouert, dass d’Veräiner eng Transfertpolitik gemaach hätten, duerch déi vill Leit sech net méi kéinte mat hinnen identifizéieren:

“Natierlech hunn och am Lëtzebuerger Fussball iergendwann, mengen ech, d’Suen eng ëmmer méi grouss Roll gespillt a bon, et ass einfach eng Transfertpolitik gemaach ginn, déi haaptsächlech op d’Resultater gekuckt hunn, wou Clubbe gekuckt hunn: mer musse kompetitiv bleiwen. An ech mengen, dat ass awer och d’Entwécklung vun der Gesellschaft. Et si Leit vun ëmmer méi wäit rekrutéiert ginn, hei aus der Grenzgéigend natierlech virun allem, an ëmmer manner Jongen, déi eigentlech aus der Géigend selwer waren oder aus der Stad selwer. A wou ech ugefaangen hunn, do hat der Leit vun Esch oder aus de Gemenge ronderëm. An dat ass haut manner. Et ass ganz kloer en Identifikatiounsproblem do. Dat ass effektiv, mengen ech, ee vun den Haaptgrënn, firwat dann och manner Zuschauer kucke ginn.”

Ma och de Fait, dass vill Leit mëttlerweil virun allem déi auslännesch Futtball-Ligae suivéieren, géif deelweis erklären, firwat et an de Stadien hei am Land esou eidel ausgesäit: “Ech mengen, wann ee géif kucken, wéi vill Lëtzebuerger den däitsche Fussball kucke ginn, dat géif déck duergoen, fir d’Stadien hei ze fëllen oder och, wat ee soss vun Offer ouni sech ze deplacéieren huet, iwwert de Fernsee.”

Et gouf eng Transferpolitik gemaach, bei där ëmmer méi op d’Resultater gekuckt gouf.

Et géif also net un der Popularitéit vum Futtball selwer leien, dass sonndes manner Leit an de Stadie sinn. Dat géif d’Entwécklung am Jugendberäich, wou een ëmmer méi Jongen an och Meedercher hätt, déi Futtball spillen, kloer weisen. Et misst een also zesummen iwwerleeën, wéi een nees méi Spectateuren an d’Stadie kritt. Déi eng, einfach Léisung géif et do net ginn. En Deel vun der Léisung kéint awer sécher sinn, deene Jonken aus de Veräiner eng reell Chance ze ginn, an den éischten Ekippen ze spillen.

Vum Futtballspiller zum Historiker

"[...]u sech hunn ech mech jo ëmmer als Lëtzebuerger gespuert, mee wou ech op d’Welt komm sinn, war ech Italieener, well mäi Papp war Italieener[...]”
Denis Scuto

Scho wéi hien nach als Futtballer op der Jeunesse aktiv war, huet den Denis Scuto ugefaangen, Geschicht ze studéieren. Direkt no der Première sollt et eigentlech Soziologie ginn. Hien ass dofir deemools esouguer extra op Bréissel an en Institut gefuer, hat sech allerdéngs am Niveau vun den Etudë geiert:

“Ech war nach op Bréissel an en Institut, mee ech hat mech am Institut geiert. Ech si souguer bis bei en Direkter komm an do sot hien: ‘Jo, wellche Studium hutt Der da scho gemaach?’ Ech sot: ‘Nee, ech sinn op Première. E sot: ‘Monsieur, Dir sidd hei an engem Institut troisième Cycle. Hei ass fir en Doktorat ze maachen an net fir... Elo musst der emol fir d’éischt déi aner Soziologiestudien dann nach virdru maachen.”

“Ech war nach op Bréissel an en Institut, mee ech hat mech am Institut geiert. “

No engem Joer Ersetzegoe war dunn awer kloer, dass et Geschicht misst sinn. Dat hätt e puer Grënn gehat, ma virop emol wier den Interessi aus dem eegenen Engagement entstanen. Hien hätt sech ënner anerem mat anere Leit zesumme fir en Escher Jugendhaus agesat a war duerno och an der Friddensbeweegung aktiv:

“An ech mengen, datt ech Historiker gi sinn, hänkt fir d’éischt mat deenen Engagementer zesummen an da mengem Interessi fir d’Gesellschaft an eeben och fir Saachen, Entwécklungen ze verstoen an awer och vläicht eeben, well ech, wéi anerer déi Zäit, an enger kompletter Zäit vum Wandel dra war.”

Um Ufank vu sengen Etudë beschäftegt den Denis Scuto sech virun allem mat der Geschicht vun der Aarbechterbeweegung a vun de Gewerkschaften. Seng Mémoire de licence op der Universitéit zu Bréissel schreift hien iwwert de Streik vun 1921. Duerno wier da ganz séier d’Migratiounsgeschicht als zweeten Interessi dobäikomm. Seng Dokterthees schreift hie schliisslech iwwer d’Geschicht vun der Lëtzebuerger Nationalitéit. Säin Interessi un de Sujete Migratioun an Nationalitéit féiert hien och op seng eege Familljegeschicht zeréck:

“Och dat, mengen ech, hänkt mat perséinlechen Erfarungen zesummen, well u sech hunn ech mech jo ëmmer als Lëtzebuerger gespuert, mee wou ech op d’Welt komm sinn, war ech Italieener, well mäi Papp war Italieener, an et war net wéi haut, wou d’duebel Nationalitéit méiglech ass. Meng Mamm ass duerch de Mariage mat mengem Papp, Italieener, also Italieenerin ginn an doduerch war ech och Italieener. A mat 18 Joer ass den Trainer vun der - dat huet och mat Fussball ze dinn - den Trainer vun der U21 deemools, de Joseph Kirchens, bei mech komm: ‘Hei, mir bräichte sou ee wéi dech an der Nationalekipp, an der U21.’ An dunn hunn ech decidéiert, Lëtzebuerger ze ginn an du krut ech awer gesot: ‘Jo, lo dierfs du net méi Italieener sinn.’ Bon, an dat ass, wou een einfach gesäit, wéi Gesetzer, wéi Bürokratie, Administratioun eigentlech Identitéite schaaft, déi ee sech dann net selwer ka rauswielen. Ech mengen, dat ass och ee vun de Grënn, firwat ech decidéiert hunn, mol där Saach op de Fong ze goen. Wéi ass et méiglech, datt eng Fra wéi meng Mamm, déi Lëtzebuerger vu Gebuert ass, op eemol gesot kritt: ‘Nee, du bass dat lo net méi.’? An dofir hunn ech déi Thees gemaach an och ronderëm natierlech eng ganz Rei Studien zur Migratioun.”

Trotz sengem wëssenschaftlechen Interessi un der Lëtzebuerger Nationalitéit betount den Denis Scuto, dass ee sech net op eng fest, onverännerlech national Identitéit sollt verfestegen. Engersäits wier och d’Lëtzebuerger Identitéit an engem permanente Wandel. D’Lëtzebuerger Identitéit wier - besonnesch am Süden - laang vun der Industrie gepräägt gewiescht, ma virdru wiere mer laang en Agrarstaat gewiescht an och dës ländlech Vergaangenheet hätt bis haut en Afloss op d’Choixe vun de Leit, zum Beispill, wann ee géif kucke wéi se wunnen a liewen. Donieft géif een als Mënsch ëmmer zu e puer verschiddene Gruppe gehéieren an hätt domat och ëmmer e puer verschidden Identitéiten. Et hätt een zum Beispill eng national Identitéit, awer vläicht och eng lokal, eng berufflech oder eng sproochlech, woubäi grad d’Méisproochegkeet e wichtegen Deel vun der Lëtzebuerger Identitéit wier. Iwwerdeems kéinten déi verschidden Identitéiten am Laf vum Liewen fir ee selwer méi oder manner wichteg ginn. Dës Villschichtegkeet sollt een dem Denis Scuto no net duerch e Begrëff ewéi “national Identitéit” veraarme loossen.

D’Lëtzebuerger Identitéit ass permanent am Wandel.

Den industrielle Patrimoine an déi nei Quartieren integréieren

E weidert Interessi vum Denis Scuto ass den industrielle Patrimoine. Wann et ëm dëse geet, bréngt hie sech och ëmmer nees an den ëffentlechen Debat an, besonnesch dann, wann op alen Arbedsfrichen nei Wunnquartiere sollen entstoen, wéi dat um Belval oder op der Rouder Lëns de Fall ass. Hei wier et wichteg, Repèren ze erhalen, an deenen d’Leit sech kënnen erëmfannen:

“Mir hu virdru vun Identitéit geschwat. Dat sinn natierlech och déi Repèren. Mir liewen, mir kommen op d’Welt, mir hunn eis Kandheet, eis Jugend, mir liewen an engem gewësse Kader an do hu mer eng Rei Repèren, déi fir eis wichteg sinn, well mer eis wëllen och doran erëmfannen. Déi Landschaften a Plaze sinn historesch gewuess an an deene Landschaften oder an deene Véierel ginn et natierlech méi oder manner wichteg Landmarks, zum Beispill gëtt oft gesot. Eppes, wat d’Land markéiert oder eng Géigend markéiert an do, effektiv, muss ee kucken, datt een awer nach erëmerkennt, vu wou eigentlech een hierkënnt.”

“Et geet jo och drëm, datt mer net Quartiere schafen, déi eigentlech iwwerall d’selwecht sinn, ne, meeschtens sou Këschten.”
Denis Scuto

Dobäi géif et net drëms goen, d’Saachen einfach nëmmen als Musée oder als eppes, dat vun enger fréierer Zäit iwwereg bliwwen ass, stoen ze loossen. Et sollt ee se wa méiglech ëmfunktionéieren an an déi nei Quartieren integréieren. Eng Diskussioun, déi an deem Zesummenhang interessant wier, wier déi vun de Kamäiner um Belval. Dës wieren, zesumme mat de Sinterbecken, dat lescht, wat nach vun der leschter Phas vum Belval iwwereg wier:

“Dat si souzesoen déi zwee lescht Repèren, déi eigentlech weisen, wat spezifesch war. An dofir sinn dat Saachen, déi mussen erhale sinn, awer net erhalen tel quel. Ech mengen, et geet drëm, och dat ëmzenotzen. Et si jo mëttlerweil och Projeten, déi sinn enorm. Déi Kamäiner hunn, ech mengen, den Duerchmiesser ass zéng Meter. Dat geet och duer, fir d’ITM, fir do Wunnengen dran ze maachen. Dat heescht, oft ginn do Géigesätz, déi artifiziell sinn, geschaaft. An d’selwecht mat de Sinterbecken, wou, engersäits ass et Repère, anersäits huet een do verschidden Niveauen an dofir misst een déi ëmnotzen an déi Niveauen notzen. Dat wier da mol eppes Originelles, well soss, ech mengen, et geet jo och drëm, datt mer net Quartiere schafen, déi eigentlech iwwerall d’selwecht sinn, ne, meeschtens sou Këschten.”

Et geet net drëm, d’Saachen tel quel ze erhalen, mee dorëms, se ëmzenotzen.

Den Anonymme vun der Geschicht eng Stëmm ginn

Fir den Denis Scuto ass kloer, dass een als Historiker och eng sozial Funktioun hätt. Dës géif aus dräi Deel-Funktioune bestoen: Engersäits misst een d’Aart a Weis, an där Geschicht duergestallt gëtt, kritesch hannerfroen. Geschicht géif dacks instrumentaliséiert ginn, zum Beispill fir politesch Zwecker. Hei wier et um Historiker, fir deem kritesch entgéintzetrieden an dobäi op d’wëssenschaftlech Erkenntnisser hinzeweisen. Donieft wier et d’Aufgab vum Historiker, d’Wëssen, dat an der Fuerschung entwéckelt gëtt, och ze verbreeden, zum Beispill iwwer d’Medien. Déi drëtt Funktioun gesäit den Denis Scuto dann doran, gesellschaftlech Muechtrelatiounen ze ënnersichen an deene Leit, déi net uewe stinn, deene sougenannten Anonymme vun der Geschicht, eng Stëmm ze ginn, a si siichtbar ze maachen. Dat géif hie versichen ze maachen, wann hien iwwer d’Aarbechterbeweegung, den industrielle Patrimoine an d’Migratioun schwätzt.

Zukünfteg Projeten: Migratioun a Futtball

Ëm d’Migratioun geet et och an engem vun den zwee grousse Projeten, un deenen den Denis Scuto den Ament schafft. Hien huet aktuell e Léierstull fir d’Geschicht vun der Migratioun op der Universitéit Lëtzebuerg. Eng vun den Aufgaben, un deenen hie sech an deem Kontext bedeelegt, ass den Opbau vun engem Musée iwwer d’Lëtzebuerger Migratioun, an deem esouwuel d’Emigratioun ewéi och d’Immigratioun solle beliicht ginn. Dee Musée soll zu Diddeleng entstoen.

Deen zweete Projet, un deem den Denis Scuto den Ament schafft, ass da mat engem Zoufall verbonnen, deen de Futtball an d’Geschicht zesummebruecht huet. Zejoert gouf hie vum Eintracht-Frankfurt-Musée gefrot, fir am Kader vun engem Konferenzzyklus iwwer Futtball a Widderstand e Virtrag iwwert den Nicolas Birtz ze halen, e Lëtzebuerger Futtballspiller, deen an der Resistenz aktiv an als Prisonéier an de KZen Hinzert an Natzweiler inhaftéiert war. Doduerch wier him d’Iddi komm, e Musée vun der Escher Jeunesse opzebauen. Dat wier e flotten Defi, fir deen een elo zesumme mat jidderengem, deen interesséiert wier, géif zesummen Objete sichen a sammelen.

Back to Top
CIM LOGO