De Guy Helminger krut de Servaispräis fir säi Roman "Lärm", de Julien Jeusette gouf mam Prix d'Encouragement ausgezeechent

Iwwerreechung vum Servaispräis 2022 am Mierscher Literaturhaus

Gëschter Owend krut de Guy Helminger am Literaturhaus zu Miersch de Prix Servais fir säi Roman "Lärm" iwwerreecht.
E Buch an dem den Haaptpersonnage guer net zu Wuert kënnt, et sinn d'Mënschen aus dem Ëmfeld vum Psychotherapeut Konrad Schnittweg déi säi Liewen erzielen, jiddereen aus senger ganz eegener Perspektiv. Aus guddem Grond, well de Konrad Schnittweg ass verschwonnen, ënnergetaucht, nodeems e wahrscheinlech en Attentat geplangt hat. Mä wat ass d'Wouerecht, a gëtt et tatsächlech just eng Wouerecht? Dat ass eent vun den Themen ëm déi et am Guy Helminger sengem Roman geet.
Guy Helminger: "Et gi jo Fakten laanscht déi een net kënnt, mä offensichtlech ass et esou, je méi Mënschen iwwer Fakte schwätzen, desto méi ënnerschiddlech gëtt op eemol déi Wouerecht. An dat ass en interessant Phänomen, fannen ech. Dat ass eppes wat mech interesséiert, an dat ass och eent vun den Haaptthemen vum Buch. Déi zweet Saach ass natierlech wann een esou eppes rekonstruéiert wat dee Schnittweg do, säi ganzt Liewen, wann een dat just aus enger Perspektiv erzielt, dann huet ee ganz schnell fir de Lieser eng Wouerecht, a grad dat wollt ech net."
"Vielschichtig, unterhaltsam, intelligent" dat sinn e puer vun den Adjektiver déi  d'Jury ronderëm d'Präsidentin Jeanne Glesener an hirer Begrënnung benotzt huet. Virun allem ass "Lärm" e politesche Roman, dee mat brutaler Eierlechkeet global Zesummenhäng a Muechtstrukturen analyséiert. Dorop ass och de Marc Limpach a senger Laudatio agaangen.

RTL

D'Laudatio vum Marc Limpach / © RTL/Bea Kneip

Fir de Guy Helminger war net deen eenzege Präis deen hien a leschter Zäit entgéinthuele konnt. De Lyrikpräis Meran, eng Eiereung op Nationalfeierdag a ganz rezent de Gustav Regler Präis gehéieren zu sengem Palmarès. Iwwregens ass et och net säin éischte Servaispräis, viru genee 20 Joer hat hien des Auszeechnung scho fir säin Erzielband "Rost" kritt. Also en duebele Servaislaureat grad esou wéi säi Brudder Nico.

RTL

Den Nico Helminger an de Guy Helminger / © RTL/Bea Kneip

Déi éischt Auszeechnung war et iwwerdeems fir de Julien Jeusette deen dee mat 4000€ dotéierte Prix d'Encouragement vun der Fondation Servais fir säi Romanmanuskript "Vies provisoires" krut.

Julien Jeusette: "Déi dräi Personnagen an dëser däischterer Dystopie probéieren eben all sech aus dëser prekärer Existenz erauszezéien andeems se no an no ëmmer méi zesummekommen. Dat ass d'Iddi."

"Une dystopie à la fois tendre et glaçante" sou huet et d'Madamm Nathalie Roelens an hierer Laudatio beschriwwen.

RTL

Julien Jeusette / © RTL/Bea Kneip

"Vies provisoires" vum Julien Jeusette huet bis elo nach kee Verlag fonnt, "Lärm" vum Guy Helminger ass bei capybarabooks erauskomm.

RTL

© RTL/Bea Kneip

RTL

vlnr: Julien Jeusette, Germaine Goetzinger, Jeanne Glesener, Jo Kox, Nathalie Jacoby, Marc Limpach, Guy Helminger, Sam Tanson, Nathalie Roelens / © RTL/Bea Kneip

RTL

De Marc Limpach, d'Germaine Goetzinger an de Guy Helminger am Park vum CNL / © RTL/Bea Kneip

RTL

Schon 2002 hat de Guy Helminger de Servaispräis fir säin Erzielband "Rost" gewonnen / © RTL/Bea Kneip