Du hues tëscht 6 a 16 Joer, du schreifs gären an du dreems dovun, eng vun denge Geschichten (op Englesch) an engem Buch ze verëffentlechen? Dann ass de Young Authors Contest genee dat Richtegt! D'Iddi fir dëse Concours geet zeréck op 2023, wéi d'Ekipp vun RTL Today an engem Facebook-Post gefrot gouf, wou jonk Talenter hei zu Lëtzebuerg hir Texter publizéiere kënnen. An den Erfolleg huet net op sech waarde gelooss! All Joers schécke Kanner a Jugendlecher hir Geschichten an a weisen, wéi vill Kreativitéit, Humor an Talent an hinne stécht.
Et ginn zwou Alterskategorien: bis 11 Joer (nach mat) a vun 12 bis 16 Joer. An all Alterskategorie stellt d'Jury eng Shortlist vun deene fënnef beschten Texter zesummen, déi Texter ginn da vertount an op RTL Today an RTL Today Radio dem Public zougänglech gemaach. Duerno ass et dann um Public, fir ofzestëmmen an d'Gewënner ze kréinen. Fir déi dräi éischt an all Alterskategorie ginn et Bicherbongen ze gewannen, d'Präisiwwerreechung ass am Hierscht op de Walfer Bicherdeeg.
Wat sinn d'Reegele vum Concours? Et däerf natierlech net gefuddelt ginn. D'Texter musse vun deene Jonke selwer geschriwwe ginn, si dierfen néierens ofschreiwen a si dierfe sech och net vu KI hëllefe loossen. D'Geschichte solle maximal 300 Wierder laang sinn an op Englesch geschriwwen. Jiddereen dierf just een Text aschécken. A ganz wichteg: d'Eltere mussen averstane sinn a si mussen och den Text fir hiert Kand aschécken.
Alles notéiert? Dann heescht et elo ufänke mat schreiwen! Fir all weider Detailer hei de Link op de Site vun RTL Today: