En däischtert Geheimnis aus dem zweete Weltkrich"Vergissmeinnicht" vum Guy Koenig

Bea Kneip
Podcast "Lecture vun heiheem" iwwer "Vergissmeinnicht - Eng Geschicht aus der Rundstedt-Offensiv a 25 Joer duerno".

Stiefesdag 1969. De Commissaire Bertemes huet Bereetschaftsdéngscht, an eigentlech erwaart hie sech e rouegen Dag. Mä et kënnt anescht. De Juge d’instruction vun Dikrech rifft un, et ass e Mord geschitt, an de Bertemes muss sech direkt op de Wee an d’Éislek maachen. D’Affer ass den Egon Schmit, en däitschen Hauptmann a fréiere Wehrmachtszaldot dee fir eng Commémoratiounsfeier zu Dierbelt war.

Dat ass d’Ausgangssituatioun vum Guy Koenig sengem neie Roman “Vergissmeinnicht”. Am Interview erzielt hien, wéi déif d’Wonnen aus der Zäit vu der Rundstedt-Offensiv och 25 Joer méi spéit nach waren, an dat zu engem Moment, wou et esou ausgesinn huet, wéi wa sech grad alles an der Welt géif veränneren.

“Vergissmeinnicht - Eng Geschicht aus der Rundstedt-Offensiv a 25 Joer duerno” vum Guy Koenig

“Vergissmeinnicht” vum Guy Koenig ass bei Op der Lay erauskomm.

Back to Top
CIM LOGO