Vum Italo Calvino bis bei d'Elena Ferrante: déi italieenesch Literatur huet villes ze bidden!

Am 30sten Episod vun der RTL BicherLies maachen de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip sech op de Wee a Bella Italia! Si stellen Iech aktuell Publikatioune vir, déi op der Frankfurter Buchmesse am Fokus stoungen a kucken zeréck op d'Entwécklung vun der italieenescher Literatur am 20. Joerhonnert. Dobäi ginn och emol kontrovers Themen opgegraff wéi zum Beispill d'Diskussioune ronderëm déi italieenesch Delegatioun zu Frankfurt. A si schwätze mat der Schrëftstellerin Viola Ardone iwwer hiren neie Roman "Was wissen sie vom Freisein". 

Weltbibliothéik: Italien, Gaaschtland op der Frankfurter Buchmesse 2024

Iwwer dës Bicher gëtt (ënner anerem) geschwat:

"Unten im Tal" Paolo Cognetti (Penguin) 
"Die Stadt der Lebenden" Nicola Lagioia (btb)
"CinéROMAn " Corina Ciocârlie (Signes et Balises)
"Café Royal" Marco Balzano (Diogenes)
"Kant und das Schnabeltier" Umberto Eco
"Was wissen sie vom Freisein" Viola Ardone (C.Bertelsmann Verlag)
"Falcone" Roberto Saviano (Hanser Verlag)
"Erklär mir Italien" Roberto Saviano & Giovanni di Lorenzo (KiWi)

RTL