
© Jérôme Jaminet
Säin Theaterstéck "Vandalium" a säin nei opgeluechte Roman "Miss Mona" si keng Feelgood-Lecture, mä dofir absolut liesenswäert!
Mat sengem Roman "Amok - Eng Lëtzebuerger Liebeschronik" (2011) huet den Tullio Forgiarini sech en Numm gemaach an ënner anerem och den Europäesche Literaturpräis gewonnen. 2011 gouf d'Buch ënnert dem Titel "Baby(a)lone" vum Donato Rotunno verfilmt. Iwwert d'Thema Gewalt ënner Jugendleche wollt den Tullio Forgiarini duerno eigentlech net méi schreiwen, mä duerch en Tëschefall am Joer 2022 krut hien d'Inspiratioun fir säin Theaterstéck "Vandalium". Och a sengem Roman "Miss Mona" (2000, re-editéiert 2024) geet et ëm Gewalt a sexuelle Mëssbrauch. Am Interview erzielt hien dem Jérôme an dem Bea firwat hien ëmmer nees op onkamoud Themen zeréckkënnt, obwuel hien eigentlech léiwer emol eskapistesch Bicher schreiwe géif.
N.B.: Am Gespréich gëtt ernimmt, dass "Vandalium" nach de 14. an de 15. Mee am Mierscher Theater gewise gëtt, d'Seance vum 15. Mee ass allerdéngs just fir Schoulklasse reservéiert. Déi lescht Seance fir de grousse Public ass de 14. Mee um 18.30 Auer am Mierscher Theater. Fir weider Informatioune kann een op www.mierschertheater.lu kucken.
