61 kurze Prosastücke

Wann een den Titel gesäit, kann ee sech scho bal virstellen, wien den Auteur ass! Och wann dës Kollektioun vu literaresche Miniaturen op Däitsch ass an net op Lëtzebuergesch wéi zum Beispill "Den Herkull Heng béit mam klenge Fanger e Lutepotto an der Strooss viru sengem Haus a kritt décke Sträit mam Elektricitéitswierk" (Onméiglech Geschichten, éditions Guy Binsfeld 2021) oder "Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a lant am Guinnessbuch" (Geschichten an Erzielungen, éditions Guy Binsfeld 2020).
 
Sou skurril an humorvoll dem Guy Rewenig seng Titelen och schéngen, sou däischter an déifgrënneg si se op den zweete Bléck. Och de Vakanzefeeling, deen de Cover mat Plage a Sonnepräbbeli suggeréiert, ass alles anescht wéi en Idyll. Vakanz, dem Lëtzebuerger säin zweet Liblingskand, direkt hannert dem PS-staarken Auto, gëtt allerdéngs duerchaus och emol ugeschwat...Sief et "dark tourism" bei dem eng Reesgrupp op de Groussbrand afen däerf, oder en Zëmmer mat engem spektakuläre Mierbléck, dee leider just e Fake ass.

A sengen 61 Miniature léisst de Guy Rewenig keen Aspekt vun eisem moderne Liewen aus, Houfert an Hybris, Roserei an Orientéierungslosegkeet, Identitéitsverloscht a Vermessenheet.  Do hëlleft et och näischt wann een emol kuerz "Innehalten" wéilt: "...im Schaufenster hängt ein Schild: Geschlossen wegen Innehaltens. Was? Das kann doch nicht wahr sein. [...] Lauter Innehalter! Wollt ihr mir mein Innehalten versauen?" ("Innehalten", Säit 92)

Elo kéint ee mengen et misst een sech emol de Spigel virhalen...mä wann ee just dat gesäit wat ee wëll gesinn, dann huet dat och kee Sënn. ("Der Ruf", Säit 80) Oder d'Onkraut mat der Wuerzel erausrappen? Keng gutt Iddi! ("Wildwuchs" Säit 78)
 
Wann de Guy Rewenig säi leschte Roman "Goss" op iwwer 600 Säiten developpéiert huet, da brauch en der hei grad emol 96 fir eis alleguer eng gehéiereg Téitsch an eis Selbstverléiftheet ze maachen.

Iwwregens: mat deene 96 Säiten ass et also e ganz dënnt Bichelchen, dat sech perfekt eegent fir mat an d'Vakanz ze huelen...wann  Dir Iech traut!

"Mir fällt ein Stein vom Herzen und zertrümmert meinen dicken Zeh"
Guy Rewenig
erauskomm bei: éditions Guy Binsfeld
ISBN 978-2-919822-26-3
17€