An hirem autofiktionale Roman "Le Sud n'aime pas les anges" erzielt d'Isabelle Costantini wéi aus hirem Liewesdram en Alpdram gouf

2013 ass d'Isabelle Costantini zesumme mat hirer Duechter vun 10 Joer a Südfrankräich geplënnert. Déi erfollegräich Actrice, Regisseurin a Reitsportlerin wollt do mat hire Päerd trainéieren a sech ëm Déiere bekëmmeren. Si hat och séier hiert Dramhaus fonnt, e bëssen ofgeleeën, op engem groussen Terrain. Do konnt eigentlech näischt méi schifgoen...oder dach? Am Interview erzielt d'Isabelle Costantini wéi vill Steng si an de Wee geluecht krut...ausgerechent vun hiren Noperen.

Wann et deene béisen Noperen net gefällt: "Le Sud n'aime pas les anges" vun der Isabelle Costantini

"Le Sud n'aime pas les anges" vun der Isabelle Costantini ass am Verlag "Les trois colonnes" erauskomm. 
Eng offiziell Buchvirstellung ass den 19te Juni am Restaurant Mesa Verde an der Stad.

RTL
RTL