"Das Meer der Aswang" vum Allan N. DerainD'Mythologie vun de Philippinnen an engem aussergewéinleche Roman

Bea Kneip
D'Frankfurter Buchmesse 2025 war eng gutt Geleeënheet, fir d'Literatur vun de Philippinnen kennen ze léieren.
© RTL/Bea Kneip (Foto Allan N.Derain)

De südostasiateschen Inselstaat war als Éieregaascht mat enger grousser an diverser Delegatioun present. Eent vun de Bicher, dat am meeschten Opmierksamkeet krut, war de Roman “Das Meer der Aswang” vum Allan N.Derain, deen nieft senger Karriär als Schrëftsteller zu Manila Konschtgeschicht a philippinnesch Literatur enseignéiert.

De Roman féiert zeréck an d’éischt Hallschent vum 18. Joerhonnert. E spillt op Panay, enger vun de gréissten Inselen am philippinnesche Visaya-Archipel. D’Handlung dréint ëm e jonkt Meedchen, d’Luklak, dat sech am Laf vun der Geschicht no an no an e Krokodil verwandelt. D’Luklak, deem säi Liewen eigentlech virgezeechent war (hat sollt vun engem spuenesche Paschtouer gedeeft ginn an den Numm Isabel unhuelen, an och seng Hochzäit war scho geplangt) geréit an e Konflikt mat der Geeschterwelt a gëtt zur Aswang. Mä wat ass eigentlech eng Aswang?

Den Allan N.Derain erkläert: “Déi iwwernatierlech Wiesen déi an de philippinnesche Vollekssoe virkommen, kënnen am groussen a ganzen an dräi Kategorien opgedeelt ginn. Et gi Geeschter-Wiesen, an da ginn et och Natur-Geeschter wéi Feeën an Elfen. An da ginn et d’Aswang. Eng Aswang ass eng iwwernatierlech Kreatur déi weder zu de Geeschter nach zu den Natur-Geeschter ka gezielt ginn. Den Ënnerscheed ass, dass d’Aswang fleeschlech Kreature sinn, si hunn e physesche Kierper, sinn also keng Geeschter. Eigentlech ass eng Aswang e mënschlecht Wiesen. Et kéint och den Noper vun niewendru sinn, dee sech einfach anescht behëlt an aner Fäegkeeten huet, deen zum Beispill fléie kann oder sech verwandelen.”

Allan N.Derain: What is an Aswang?

Mënschen, déi sech verwandelen, kommen och an der europäescher Mythologie vir, zum Beispill als Vampiren oder Werwëllef. Gesäit den Allan N.Derain do Parallellen?
Allan N.Derain:Jo, natierlech, ech menge Mythen hunn ëmmer Aspekter déi universal sinn, mä et ginn och kulturell Ënnerscheeder an Nuancen.”

Allan N.Derain: Kinship with European mythology

Firwat geet esou eng Faszinatioun vu Mythen a Legenden aus?
Allan N.Derain:Villäicht kann ech eng Theorie proposéieren, wat de Grond kéint sinn. Villäicht si Vollekssoen vun Natur aus subversiv. An dëser Welt geschéien esou vill Saachen, bei deene mir d’Gefill hunn, dass mir keng Kontroll doriwwer hunn. Sou villes wat eis ënnerdréckt. Et ass d’Iddi vun enger Welt déi eng Alternativ zu eiser realer Welt duerstellt. Ech mengen, Mythen a Soe ginn eis en Espace an dem mir fir eis selwer denke kënnen, an dem mir eis iwwerleeë kënnen, wéi eng Alternative mir eis géife wënschen.”

Allan N.Derain: Folklore is subversive

D’Mënschen an dem (fiktiven) Dierfche Bariwbariw, an deem sech d’Handlung ofspillt, liewen an enger Welt déi sech duerch strikt sozial Hierarchien auszeechent. D’Luklak zum Beispill ass am Déngscht bei enger adeleger Damm: “Luklak ist eine von acht Dienerinnen der Dame. Sie sind Fächerwedlerin, Köchin, Badehelferin, Ankleiderin, Aufräumerin und Anstupserin für die Hängematte (...) Und Lulak ist ihre Haarpflegerin.
Dobäi kënnt den Afloss vun der spuenescher Kolonialmuecht déi am Buch duerch de Pater Obaba representéiert gëtt an déi permanent Menace vun Ugrëff duerch Piraten.

“Das Meer der Aswang” ass en aussergewéinleche Roman an dem Realitéit a Mythologie matenee verschmëlzen. Keng ganz einfach Lecture, well d’Mythologie vun de Visayas ass komplex, an et erfuerdert e bësse Konzentratioun fir sech do eranzeliesen. E klengen Tipp: Als éischt soll een am beschten d’Nowuert vun der Iwwersetzerin Annette Hug liesen, an dem si de geografeschen an historesche Kontext erkläert.
Wéi den Allan N. Derain a sengem Nowuert schreift, ass “Das Meer der Aswang” als éischten Deel vun enger Trilogie konzipéiert. Fir seng Recherchen huet en sech net nëmmen op eng ganz Rei vu mythologeschen an historeschen Texter baséiert, mä en huet ënner anerem och eng Rees op enger Balangay, engem traditionelle philippinnesche Segelboot, matgemaach. Ervirzehiewe sinn och de Buchcover an d’Illustratiounen déi den Allan N.Derain selwer gezeechent huet, an déi dem Lieser den Univers vun den Aswang virun Ae féieren.

De Roman entfaalt säi ganzen Aroma eréischt no an no, wann een sech awer bis festgelies huet, da léisst en een net méi lass. Ech freeë mech schonn op d’Suite vun der Trilogie!

“Das Meer der Aswang” vum Allan N.Derain ass am Unionsverlag erauskomm, iwwersat vun der Annette Hug aus dem Filipino (Tagalog)

Back to Top
CIM LOGO