Nei um BichermaartAdo Rinnen: E Liewe fir d'Fräiheet

RTL Lëtzebuerg
En Hommage vun der Gemeng Beetebuerg un hire grousse Resistenzler Ado Rinnen
© Gemeng Beetebuerg

Auszuch aus dem Buch:

E grousse Resistenzler

16 Joer
wéi de Krich ugeet,
17 Joer
wéi en an d'Resistenz geet
20 Joer
wéi e gestuerwen ass.

Den Ado Rinnen -
e Liewe fir d'Fräiheet.

1924 gebuer,
1944, den 10.August,
just ee Mount virun der Libératioun,
am "Klingelpütz" Prisong zu Köln
higeriicht - gekäppt.

E Liewen, dat hie fir seng Heemecht
an eis Fräiheet higinn huet.

Ado Rinnen: E Liewe fir d'Fräiheet 1924-1944
Editeur: Commune de Bettembourg
Text: Pit Hoerold
Fotoen: Archiv Famill Armand Rinnen, Beetebuerg
Gestaltung: Fern Rollinger
ISBN 978-99987-753-5-0
15€

Back to Top
CIM LOGO