
Pressematdeelung vun den éditions Ernster:
"Den Impakt vu Klappentexter" ass de neien an erwaarten 8. Roman vum Jhemp Hoscheit, enger vun de renomméiertste Stëmmen aus der lëtzebuergescher Literatur. De Roman gouf mam 1. Präis beim Nationale Literaturconcours 2025 ausgezeechent!

Ëm wat geet et?
Zënter senger Pensioun an dem trageschen Doud vu senger Fra ass fir de Jim Ellers näischt méi wéi virdrun. De fréiere Bibliothecaire flücht dohier an déi eenzeg Welt, déi hie kennt : d’Welt vun de Bicher. Hie passt elo nach besser op, wat an de Klappentexter ugekënnegt gëtt, well en den Theeme Verloscht an Trauer aus de Féiss goe wëll. Awer d’Liewe stécht voller Iwwerraschungen a bitt dem Jim d’Chance op eng zweet Léift. Wéi hien ufänkt, a sengem Heemechtsduerf e Schreifatelier ze leeden, fänkt seng gro Welt op eemol nees un, Faarf ze kréien. Mee hannert de vertraute Gesiichter beim kreative Schreiwe verstoppt sech eng batter Erkenntnis.
"Den Impakt vu Klappentexter"
Jhemp Hoscheit
erauskomm bei éditions Ernster
ISBN 978-2-919892-70-9
336 Säiten
20€