
Kuerz no 8 Auer krut RTL d'Informatioun, datt géint 7:45 Auer Poliziste mat Sichhënn an der Géigend vun der Grondschoul zu Reckeng op der Mess gesi gi waren. Eng Persoun, déi d'Beamte gesinn hat, sot, datt dës streng a besuergt op si gewierkt hätten.
Op Nofro huet de Pressebüro vun der Police erkläert, datt et sech ëm en Training zesumme mat der Douane géif handelen. Weider Informatioune krute mir keng. Géint 8:45 Auer waren d'Beamte schonn a Richtung Schëffleng ënnerwee, fir den Training do weiderzeféieren.