Intebinni, Vullemätti, MuertentrëppeleschAm neie Band "Lëtzebuerger Wuertschatz" geet et ëm Frechheeten

RTL Lëtzebuerg
Den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch publizéiert en aachte Band vun der Serie "Lëtzebuerger Wuertschatz". Dës Kéier geet et ëm Frechheeten.
© LOD

Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch huet e Méindeg en neie Band an der Serie "Lëtzebuerger Wuertschatz" presentéiert. "Vun Dräibiz bis Vullemätti - 117 Frechheeten, déi sëtzen" soll den neiste Band heeschen a beschäftegt sech, wéi den Numm et seet, mat Lëtzebuerger Frechheeten.

Am Ganze wäerten am Buch 117 verschidde Frechheeten op Lëtzebuergesch virgestallt ginn, dat mat Beispillsäz an den Iwwersetzungen op Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch.

Wéi de Kulturminister am Communiqué e Méindeg betount, wier d'Frechheete-Kategorie um LOD eng vun de beléiftste Kategorien iwwerhaapt. Sou géif et op der Hand leien, dass een dës Kéier "méi e gewote" Band géif erausbréngen. D'Intentioun wier et och net, dass d'Leit méi frech solle ginn mateneen, mat éischter, dass ee wéilt weisen, wéi kreativ déi Lëtzebuerger Sprooch ka sinn.

Vun e Méindeg 29. Juni un, kann een dësen 8. Band kafen. E kascht 12,50 Euro an et kritt een en an all Librairie zu Lëtzebuerg ze kafen.

© LOD

Back to Top
CIM LOGO