
Wéinst engem Bëschbrand ass d'Duerf Traisen a Rheinland-Pfalz evakuéiert ginn. E Samschdeg de Mëtteg war op engem Terrain un ongeféier zwee Hektar e Bëschbrand ausgebrach, deen d'Rettungsekippe bis ewell awer net ënner Kontroll kruten, esou heescht et vu Bad Kreuznach, an där hirer Kreisverwaltung Traisen läit. D'Feier breet sech aktuell an engem Deel vum Bësch aus, deen zimmlech géi a just schwéier zougänglech ass. Och sollen an där Regioun nach "Kampfmëttel" aus dem zweete Weltkrich leien, wat dozou féiert, datt d'Rettungsekippen net iwwerall bäikommen.
Dowéinst hunn d'Pompjeeën elo déi ronn 600 Awunner vun Traisen evakuéiert. Den Autoritéiten no huet een dëst awer reng preventiv ënnerholl, eng direkt a konkret Gefor fir d'Haiser am Duerf géif aktuell net bestoen. D'Awunner kommen an en Noutlogement, heescht et vum Duerfbuergermeescher Norman Frey. Traisen läit eng 140 Kilometer vun der Grenz zu Waasserbëlleg a ronn 50 Kilometer vu Mainz ewech.

D'Autoritéite schwätze vun enger "ökologescher Katastroph". Nieft de Schied am Bësch ass och eng Funkantenn an der Géigend, wou d'Feier sech grad ausbreet. Sollt dës beschiedegt ginn, kéint dat Auswierkungen op d'Kommunikatioun an der Regioun hunn. "Mir stinn do virun enger grousser technescher Katastroph, wann dës Antenn ugegraff gëtt", sot d'Bettina Dickes vun der CDU géintiwwer dem Südwestrundfunk. Sollt d'Funkantenn nämlech ausfalen, ass och d'Kommunikatioun ënnert de Rettungsekippe gestéiert. Well hei och wichteg Stroumleitunge lafen, kéint och de Stroum vum hallwe Landkrees ausfalen.
Et gëtt aktuell wéinst der grousser Hëtztwell a verschiddene Regiounen an Däitschland Bëschbränn, woubäi déi meescht awer antëscht ënner Kontroll sinn.