
D’Tiffany eng ganz oppen a flippeg, exzentresch Perséinlechkeet, wëll bei hirem Ex erausplënneren a sicht elo eng Wunneng. Allerdéngs ass d’Wunnen zu London net geschenkt, a wann een sech et net leeschte kann, ëmsou méi schwéier. Op eemol entdeckt d’Tiffy awer eng Annonce fir eng komplett aner Wunngemeinschaft:
Plang ass also dass béid Matbewunner sech duerch hir ënnerschiddlech Aarbechtszäiten ni gesinn an sech d’Wunneng dofir tatsächlech “deelen”.
De Leon dogéint ass de komplette Géigendeel vum Tiffy. En ass roueg, diskret, waarmhäerzeg, a wëllt jidderengem et Recht maachen. Och hie brauch Sue fir sengem Brudder ze hëllefen den Affekot ze bezuelen, esou kënnt et em grad geleeën, dass d’Tiffany op seng Annonce äntwert.
Eigentlech ass Love to Share e Buch wat quasi an zwee gedeelt ass. Op där enger Säit liese mer dem Tiffany säin Alldag, op där anerer dem Leon säin. Well déi zwee ofwiesselnd aus hirem Liewen erzielen an um Ufank téischt mol keng Verbindung besteet, huet een heiansdo d’Impressioun et géing een zwee verschidde Bicher liesen. Flott ass och dass d’Autorin d’Schreifweis op de jeeweilege Protagonist upasst, esou dass deen Androck nach emol verstäerkt gëtt. Esou erzielt d’Tiffy zum Beispill ganz vill, an de Leon huet eng ganz knapp Sprooch, an denkt a schwätzt dacks an ofgehaakte Sätz.
Wat nach ganz besonnesch ass, ass dass d’Tiffy an de Leon, well se sech jo nach ni reell gesinn hunn, sech duerch Post-It Noriichten ënnerhalen, Messagen déi zum Deel esou flott geschriwwe ginn dass se een laachen dinn. Och aner Theme ginn am Buch ervirgehuewen, de Lieser erlieft nämlech dem Leon säi stressegen awer och sensibelen Alldag als Palliativfleeger an der Klinik kennen, ma och säi Brudder deen opgrond vun engem Mëssverständnes onschëlleg am Prisong sëtzt. Op där anerer Säit huet och d’Tiffany mat sengem komplizéierten Exfrënd ze kämpfen a béid hëllefen sech géigesäiteg duerch Post-It Ziedelcher.
Et ass och t’éischt mol interessant gewuer ze ginn, wéi se da mat der neier Situatioun elo eens ginn, ma bis bei dat éischt Kenneléiere passéiert net wierklech vill. Weder d’Figuren nach d’Autorin versicht fir krampfhaft witzeg eriwwer ze kommen, et ginn einfach vill kleng Detailer, Niewesätz an Aktiounen déi grad esou aus dem Liewen erausgegraff sinn a well wahrscheinlech och jiddereen se kennt, fält et engem hei am Roman och liicht, fir driwwer ze laachen oder ze schmunzelen. Da kënnt déi méi intensiv Bezéiung duerch Onsécherheeten op béide Säiten an dat diskret openeen duergoen, wat och ganz realistesch duergestallt gëtt. Déi zwee kommen sech méi no duerch Messagen, duerch hir perséinlech Saachen, hiert Verhalen an der Wunneng, eben alles wat se vunenee matkréien ouni sech ze gesinn. D’Tiffy kann zum Beispill no enger Zäitchen unhand vum Leon senger Kaffistaass an der Spull deiten, op en sech verschlof huet oder net.
Och wann et op den éischte Bléck bal net méiglech war, lafen déi zwou Handlungen iergendwann net méi parallel ma fléisse vun do un an eng gemeinsam Geschicht.
Mat vill Humor an Häerz huet d’Autorin hei eng gläichzäiteg zockerséiss, charmant, komesch a seriö Geschicht erschaf, déi engem et erméiglecht fir e puer Momenter aus dem Alldag ze klammen an ze genéissen.
AUDIO: 02/07/2019 Buch vun der Woch: Beth O’Leary - Love to Share